Fogo (lb.: "Feier", och: "Liichttuerm") ass eng vun de Kapverdeschen Inselen am Atlantik. Si gehéiert zu der kapverdescher Inselgrupp Ilhas de Sotavento (lb.: "Inselen ënner dem Wand") a läit ëstlech vu Brava a westlech vu Santiago. De Pico do Fogo ass, mat ronn 2.800 m, den héchste Bierg an eenzegen aktive Vulkan vum Archipel.

Fogo vun uewen
Loftvue op de Krater

Geographie

änneren

D'Distriktstad ass São Filipe mat 8.300 Awunner. Zweetgréisst Uertschaft ass Mosteiros mat ronn 5.000 Awunner.

D'Insel ass, vun der Form hier, en eenzege grousse Vulkankegel (Stratovulkan) mat enger riseger Caldera, an där sech e klenge Konus opgebaut huet an deen haut d'Spëtzt Pico do Fogo ausmécht. Dësen ass 1630 sou staark ausgebrach, datt een de Bierg nuets vun Honnerte vu Kilometer ewech konnt gesinn, an en sou de Schëffer en Orientéierungspunkt war. Dohier krut d'Insel den aktuellen Numm. Zanter hirer Entdeckung am 15. Joerhonnert gouf et eng 30 Eruptiounen, déi bis ewell lescht 1995 an am November 2014.

Nëmmen d'Häng op der Nord-Ost Säit sinn d'ganzt Joer duerch gréng; soss besteet d'Insel virun allem aus Wüsten- a Stepperegiounen. Mat Hëllef vu kënschtlecher Bewässerung gëtt am Süde Geméis (virun allem Kabes a Paprika) ugebaut. Och Papayaen an Tamarinde wuesse gutt do. Am Norde gëtt un de Bierghäng Kaffi ugebaut. D'Lavasteng gi geholl fir ze bauen.

Geschicht

änneren

Fogo gouf 1460 vum italieenesche Kapitän Antonio da Noli entdeckt an ufanks São Filipe genannt. Ëm 1500 hu sech adleg Portugisen als Léinshären do néiergelooss déi op de Plantage, Sklave fir sech schaffe gedoen hunn.

 
Endeemesch Planzen am Haff vum Musée vu São Filipe.

Et gëtt e puer endeemesch Planzen op Fogo:[1]

  • Crabo bravo (Erysimum caboverdiana)
  • Língua de vaca (Echium vulcanorum)
  • Losma (Artemisia gorgonum)
  • Totolho (Euphorbia tuckeyana).

Ekonomie an Tourismus

änneren

Deen eenzege méi groussen Hafen ass de Porto do Vale de Cavaleiros, ee méi klengen ass zu São Jorge.

Eenzeg nennenswärt Produkter vun der Insel kommen aus der Landwirtschaft (dorënner héichwäertege Kaffi a Wäin) an der handwierklecher Fëscherei. De gréissten Deel vum Akommes kënnt vun Emigranten, déi reegelméisseg Suen an hir al Heemecht schécken. Den Tourismus ass am Gaang e Wirtschaftsfacteur ze ginn, och wann et keng grouss Plagë ginn, an dofir éischter Leit ugesprach ginn, déi gär Wanderen oder sech fir Kultur intresséieren.

Um Spaweck

änneren
Commons: Fogo (Cape Verde) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Reitmaier, Pitt: Cabo Verde, S.385. Bielefeld 2009.