Universitéit vu Kalifornien (Los Angeles)

D'University of California Los Angeles (UCLA) gouf 1919 gegrënnt an ass deen zweetgréisst Campus vun der University of California. D'UCLA ass eng vun de renomméiertste Universitéite vun der Welt a steet am Staddeel Westwood vu Los Angeles. Besonnesch d'Business School, d'John E. Anderson Graduate School of Management, erreecht all Joer Top-Rankingen. Am USNews-Ranking vun 2009, iwwer all US-amerikanesch Business Schools hat si d'Plaz 7, nach virun der Havard Business School oder Berkeleys Haas Business School.

Universitéit vu Kalifornien
University of California, Los Angeles (UCLA)
Typ staatlech Fuerschungsuniversitéit, ëffentlech Bildungsinstitutioun an den USA, Universitéit, Campus, Organisatioun
Land USA
Uertschaft Los Angeles
Schülerzuel 44.589
  September 2020; 1. September 2021
Ënnersteet der/dem University of California
Gegrënnt 24. Juli 1919
Um Spaweck https://www.ucla.edu/
UCLA Powell Library

D'Universitéit ass zanter 1927 zu Westwood Village tëscht Belair a Beverly Hills, virdun war si an der Vermont Avenue. D'Héichschoul ass Member vun der Association of American Universities, an där déi wichtegst fuerschungsintensiv nordamerikanesch Universitéiten zesummegeschloss sinn.

Studieméiglechkeeten

änneren
  • UCLA College of Letters and Science
    • Geeschteschwëssenschaften
    • Liewenswëssenschaften
    • Physical Sciences
    • Sozialwëssenschaften
    • Undergraduate Education
    • International Institute
  • Gesondheetswëssenschaften
  • Professional Schools
    • Ingenieurswëssenschaften an ugewandte Wëssenschaften (Henry Samueli School of Engineering and Applied Science)
    • Konscht an Architektur
    • Ëffentlech Ugeleeënheeten
    • Pedagogik an Informatiounswëssenschaften
    • Rechtswëssenschaften
    • Theater, Film a Televisioun
    • Wirtschaftswëssenschaften (Anderson School of Management)

Rankings

änneren

D'UCLA gëllt als eng vun de renoméiersten Héichschoule vun der Welt.

  • D'UCLA beleet am Times Higher Education Ranking 2010 vun den 200 beschte Universitéite weltwäit déi 11. Plaz nach virun der Columbia University zu New York oder de Ivy League-Universitéite University of Pennsylvania (Upenn) a Cornell University.
  • D'UCLA steet op Plaz 12 vum Newsweek Ranking weltwäit.
  • 2007 an 2008 erreecht d'UCLA déi 13. Plaz weltwäit an der berüümten Top 500 World Universities-Ranking vum Institute of Higher Education at Shanghai Jiao Tong University.
  • Si gouf vun de U.S. News and World Report 2008 als drëttbescht ëffentlech Universitéit vun den USA agestuuft.
  • An der Newsweek-Editioun vum 21.–28. August 2006 gouf d'UCLA als eng vun de „New Ivies” opgelëscht.
  • D'Washington Monthly placéiert d'UCLA op Plaz 2 an den USA a baséiert sech op Krittäre wéi Fuerschung, community service a social mobility.
  • d'SCImago Institutions Ranking (SIR) placéiert d'UCLA op Plaz 9 vun de 100 weltwäit beschte Recherche-Institutiounen.

Bekannt Perséinlechkeeten

änneren

Nobelpräisdréier

änneren

Politik

änneren

Geeschtes-, Sozialwëssenschaften a Konscht

änneren

Naturwëssenschaft an Technologie

änneren

Absolventen

änneren

Nobelpräisdréier

änneren

Konscht, Film a Literatur

änneren

Politik

änneren

Recht a Wirtschaft

änneren

Naturwëssenschaft an Technologie

änneren

Verschiddener

änneren

Referenzen

änneren
  1. http://www.nationmaster.com/encyclopedia/Masiela-Lusha

Um Spaweck

änneren
Commons: University of California, Los Angeles – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och

änneren