Nevada

Staat vun den USA
Nevada
(Detailer) (Detailer)
Spëtznumm: Silver State (offiziell)
Sagebrush State
Battle Born State

Lëscht vun alle Bundesstaaten
Haaptstad: Carson City
Gréisst Stad: Las Vegas
Gouverneur: Joe Lombardo
Fläch:
 - Total:
 - Waasser:
Op 7. Plaz
286.367 km²
0,69 %
Bevëlkerung:
 - Total:
 - Dicht:
Op 32. Plaz
3.104.614 (2020)[1]
10,93/km²
Opgeholl als Memberstaat: 31. Oktober 1864 (36ten)
Zäitzon: UTC-8/-7/-6

Nevada ass e Staat am Weste vun den USA.

Geographie änneren

Nevada besteet haaptsächlech aus Wüst an ass den dréchenste Staat an den USA. E grenzt un Oregon am Nordwesten, Idaho am Nordosten, Kalifornien am Westen, Arizona am Südosten a Utah am Osten. Et ass de siwentgréissten US-Bundestaat, awer nëmmen op der Plaz 35 vu 50 Staaten wat d'Bevëlkerung ugeet.

Héchste Punkt ass de Boundary Peak mat 4.007 Meter an de White Mountains. Niddregste Punkt ass de Colorado River un der Grenz mat Kalifornien op 147 Meter.

Bevëlkerung änneren

2015 gouf geschat, datt iwwer 2,8 Millioune Leit am Staat gewunnt hunn, vun deene sech 75,7 % als wäiss Amerikaner, 28,1 % als Hispanic/Latino, 9,3 % als Afroamerikaner, 8,5 % als asiatesch an 1,6 % als Indianer identifizéiert hunn, woubäi ee méi wéi eng Kategorie konnt uginn[1].

Ekonomie änneren

D'Duerchschnëttsakommes louch tëscht 2010 an 2014 bei 52.205 US-Dollar pro Stot a 26.515 USD op de Kapp[1].

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Nevada – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 census.gov: QuickFacts: Nevada