Jean-Louis Schlesser (Auteur)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Auteur Jean-Louis Schlesser. Fir aner Persoune mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Jean-Louis Schlesser. |
De Jean-Louis Schlesser, gebuer den 22. Juli 1947 zu Lëtzebuerg, ass e Lëtzebuerger Schrëftsteller an Dréibuchauteur.
Jean-Louis Schlesser | |
---|---|
Gebuer |
22. Juli 1947 Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Dréibuchauteur, Schrëftsteller |
Liewen
ännerenHien ass an am Stater Quartier Millebaach opgewuess. No senger Schoulzäit am Stater Kolléisch an am Jongelycée huet hien ugefaange bei der Publicitéitsagence Interpublicité ze schaffen, éier hien 1979 bei Editpress an d'Tageblatt gewiesselt ass.[1]
Zënter 2001 schafft hie fräiberufflech ass Schrëftsteller an Textschreiwer.[1] Hien huet eng Rei Dréibicher fir Film an Theater, e Roman an e puer graphesch Romaner geschriwwen. Donieft huet de Jean-Louis Schlesser och d'Texter vun enger ganzer Rei anere Publikatioune geschriwwen, dorënner dem Katalog vum lëtzebuergesche Pavillon vun der Architektur-Biennale vu Venedeg am Joer 2008.[1] Hie war jorelaange Mataarbechter vun den Zeitungen Tageblatt a Le Jeudi. Fir déi zweet huet hien an der Rubrik Dissonances déi national an international Politik analyséiert.[2]
Mëtt der 2010er Jore war hien eng Zäit laang Vizepresident vun der Associatioun Action Luxembourg Ouvert et Solidaire - Ligue des Droits de l'Homme.[3]
De Jean-Louis Schlesser ass Fräimaurer a war Grand Orateur beim Grand Orient de Luxembourg.[1]
Wierk
ännerenDréibicher
ännerenAls Dréibuchauteur huet de Jean-Louis Schlesser 2001, respektiv 2004, d'Dréibicher vu Le club des chômeurs a La revanche geschriwwen, déi zu den erfollegräichste lëtzebuergesche Kinosfilmer zielen. Bei béide Filmer huet den Andy Bausch Regie gefouert. Och beim Bausch sengem Film Deepfrozen aus dem Joer 2006 huet de Schlesser d'Dréibuch geschriwwen.
D'Dréibicher vun de Filmer Jeux d'ombres (2004) a Réfractaire (2008) huet de Schlesser zesumme mam Nicolas Steil geschriwwen.[1]
Och als Theaterauteur ass de Jean-Louis Schlesser aktiv. Säi Stéck Table rase gouf 2005 am Théâtre ouvert Luxembourg opgefouert. Am Theaterstéck geet et ëm d'Konfrontatioun an engem Prisong tëscht engem verurteelte Geschäftsmann, dee seng Liibhaberin Lara soll ëmbruecht hunn, an engem Journalist, dee mat sengen eegene moralesche Konflikter kämpft.[4]
2018 koum déi dokumentaresch Dramaserie Clash of Futures eraus, déi vun der lëtzebuergescher Iris Productions koproduzéiert gouf. De Jean-Louis Schlesser huet un dräi Episoden um Dréibuch matgeschriwwen. D'Serie erzielt 13 perséinlech Schicksaler an Europa an der Tëschekrichszäit.[5]
Romaner
ännerenLa troisième crise aus dem Joer 2011 ass dem Jean-Louis Schlesser säin éischte Roman. Et ass e franséischsproochege politeschen Thriller. E spillt zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun, déi esou staark vun der Finanz- a Wirtschaftskris betraff ass, datt d'Demokratie a Gefor ass. An deem Kader muss de Journalist Thomas mat engem wäitreechende Komplott kämpfen.[2][6]
Graphic Novels
ännerenMam Marc Angel als Zeechner huet de Jean-Louis Schlesser als Zeenarist 2015 de graphesche Roman De Jas op Lëtzebuergesch erausbruecht. Déi franséisch Versioun heescht Le Yas. E gouf am Virfeld schonn am Jeudi verëffentlecht a behandelt d'Legend vum Jasmännchen, engem aarme Kniecht aus dem Éislek, deen de Leit aus der Géigend Angscht a Schrecken agejot huet. E spillt wärend dem Drëssegjärege Krich.[7] Den zweete Band, Déidlech Allianz, respektiv Le Retour du Yas, dee wärend der däitscher Besatzung wärend dem Zweete Weltkrich spillt, koum 2017 eraus.[8] Béid Bänn goufen 2019 an 2021 och an enger adaptéierter Versioun op Däitsch verëffentlecht.[9]
Den Angel an de Schlesser hunn 2022 mat La mauvaise heure un engem neie Projet zesummegeschafft. Et ass en Hommage un de Personnage M aus dem Fritz Lang sengem Film mam selwechten Numm aus dem Joer 1931. E spillt an der däitscher Muselregioun an den 1950er an zu Berlin an den 1930er.[10][11]
2020 war de Jean-Louis Schlesser um kollaborativen, lëtzebuergeschsproochegen Album Fortific(a)tions vum Veräi vun de Frënn vun der 9. Konscht bedeelegt. Dee gouf am Kader vum 25. Gebuertsdag vun der Festung Lëtzebuerg als UNESCO-Weltkulturierwe verëffentlecht. Doran huet hien den Text fir d'Geschicht vum "Jacko, de Knollereefer" geschriwwen, dee vum Antoine Grimée illustréiert gouf a sech um Joseph Funck senger Erzielung Kleines Schicksal inspiréiert.[12][13]
Quellen
ännerenUm Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 autorenlexikon.lu, gekuckt de 17. Juli 2024
- ↑ 2,0 2,1 rtl.lu: RADIO: "La troisième crise" de Jean-Louis Schlesser vum Lucien Czuga (fir d'lescht aktualiséiert: 26. November 2013)
- ↑ ldh.lu: Entretient avec Jean-Louis Schlesser am Le Républicain du Coin (Nr.67, Dezember 2014, Säit 2)
- ↑ land.lu: Ana, Lara, Sara et les autres vum Sam Tanson (15. Dezember 2005)
- ↑ clashoffuturesblog.wordpress.com: About the Project (net datéiert)
- ↑ goosch.lu: Ein ganz schwarzer Roman vum Frank Jost (10. Februar 2017)
- ↑ wort.lu: Der Norden vergisst nicht vum Pol Schock (30. Dezember 2015)
- ↑ land.lu: Rächer unterm Hakenkreuz vum Anina Valle Thiele (2. Februar 2018)
- ↑ 9konscht.lu: Jean-Louis Schlesser – Auteur (net datéiert)
- ↑ culture.lu: Interview avec Marc Angel vum Pablo Chimienti (12. Juli 2022)
- ↑ bd-chroniques.be: La Mauvaise Heure – Entre réel et fiction, un livre « d’ambiance » (30. Januar 2023)
- ↑ konterbont.app: Déi 9. Konscht schreift Geschicht vum Nathalie Bender (net datéiert)
- ↑ culture.lu: D'Frënn vun der 9. Konscht vum Ben Kraemer (14. Juli 2023)