Le Jeudi

fréier lëtzebuergesch Wochenzeitung a franséischer Sprooch


Le Jeudi war eng lëtzebuergesch Wochenzeitung a franséischer Sprooch, déi vum 17. Abrëll 1997 bis de 6. Juni 2019[1],[2], wéi den Numm et seet, donneschdes bei den Éditions Editpress erauskomm ass. Den Ënnertitel war: "L'hebdomadaire luxembourgeois en français".

Le Jeudi
Logo vum Jeudi
Typ Wochenzeitung
Periodizitéit 1 Woch
Sprooch Franséisch
Éischt Ausgab 17. Abrëll 1997
Lescht Ausgab 6. Juni 2019
Editiounshaus Editpress
Format Berliner Format
Websäit http://www.lejeudi.lu/

Zuelen änneren

Oplo änneren

Verkaaften Oplo, wéi se vum Centre d'information des médias vu Bréissel beglaubegt gouf:[3]

uganks 2000 ... 4. Trimester 2008 0002. Tr. 2009000 0004. Tr. 2009000 0002. Tr. 2010000 0004. Tr. 2010000
3.410 ... 3.062 2.923 2.810 2.736 2.692

Lieserstatistik änneren

2005/2006 hunn, der Statistik vum TNS ILRES PLURIMEDIA no, duerchschnëttlech 7,20 % vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung iwwer 15 Joer bannent enger Woch de Jeudi gelies. 2006/2007 waren dat der 7,70%; 2007/2008 8,10% an 2008/2009 7,10%.[4] D'Zuele fir 2009/2010 goufe bis op Weideres net public gemaach.[5]

Der TNS-ILRES Plurimedia Etude 2017.I no hunn tëscht Februar 2016 a Februar 2017 (mat Ausnam vun der Summervakanz) an der Moyenne all Woch 24.600 Leit iwwer 15 Joer de Jeudi gelies (5,1 % vun der Wunnbevëlkerung).[6]

Pressehëllef änneren

2011 huet de Jeudi 327 751 € staatlech Pressehëllef kritt.[7]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. "De 6. Juni kënnt dee leschte 'Jeudi' eraus." rtl.lu, 04.6.209 18:35.
  2. Jacques Hillion, 2019. C'est fini. Le dernier numéro du « Jeudi ». Le Jeudi du 6.6. au 12.6.2019, S. 2.
  3. Romain Hilgert: Zeitungen in Luxemburg, 1704-2004, Luxembg. 2004, S.226; dees.: "Zeitungen: Schwarzes Jahr." d'Lëtzebuerger Land Nr. 16, 23. Abrëll 2010, Bäilag Communication, S. 10; dees.: "Die Krise ist angekommen." d'Lëtzebuerger Land Nr.39, 1.Oktober 2010, S.5 an dees.: "Die Wirtschaftskrise hat die Pressekrise verstärkt." d'Lëtzebuerger Land Nr. 17, 27. Abrëll 2011, Bäilag Communication, S.8.
  4. Rapport d'activité 2009 vum Staatsministère, S.25.
  5. R. Hilgert: "Die Krise ist angekommen." d'Lëtzebuerger Land Nr.39, 1.Oktober 2010, S.5.
  6. Pressecommuniqué vun TNS ILRES op paperjam.lu.
  7. Rapport d'activités vum Ministère de l'Etat 2011, S.20-21.