Thriller [ˈθɹɪlə] (vum englesche thrill - "Schudderen, Exitatioun, Sensatioun") ass souwuel e Roman- wéi och e Filmgenre.

Thrillere si vun der Geschicht hier dacks identesch mat Mystery- oder Kriminalromaner, resp. -filmer, hunn awer als zousätzlecht Element, datt se duerch d'ganz Geschicht erduerch eng Spannung provozéieren, déi mol méi, mol manner staark ass. Weider Charakteristike sinn den Asaz vu Suspense, Cliffhanger oder Red Herringen. Beim Thriller muss den Held sech dacks géint moralesch, séilesch oder physesch Gewalt vun engem Géige-Protagonist wieren, wärend a 'klassesche' Krimien méi d'Opléise vun engem oder méi Fäll am Mëttelpunkt steet. Sou ass den Héich- a Schlusspunkt vun engem Thriller net nëmmen d'Opléise vun enger Situatioun, mä och gläichzäiteg d'Victoire iwwer "dee Béisen", mat deem den Held sech, an dacks och anerer, rett. Bei Thrilleren, déi vum Film noir oder Trauerspiller beaflosst sinn, stierft den Held dacks dobäi.

Bei Thrilleren gëtt d'Spannung virun allem duerch d'Beschreiwung vun der Handlung provozéiert. Wann d'Figuren an deenen hir Psyche grad esou staark oder méi staark am Mëttelpunkt stinn, schwätzt ee vun engem Psychothriller. Meeschtens gëtt dann den emotionale Konflikt tëscht e puer Persounen, awer och vun enger Persoun an hiren Erliefnesser an der Vergaangenheet thematiséiert.

Et gëtt verschidde Sub-Genrë vum Thriller: de schonn ernimmte Psychothriller, de Politthriller, an deem et ëm d'Verstréckunge vu staatlechen Instanze mat illegalen Aktivitéiten, oder och ëm Theme wéi Spionage oder Terrorismus geet; an den Erotikthriller.

Literatur änneren

  • Inga Golde: Der Blick in den Psychopathen. Struktur und Wandel im Hollywood-Psychothriller. Verlag Ludwig, Kiel 2002, ISBN 3-933598-49-4.
  • Patricia Highsmith: Suspense oder Wie man einen Thriller schreibt. Diogenes Verlag, Zürich 1990, ISBN 3-257-21924-5.
  • Thomas Koebner, Hans Jürgen Wulff (Hrsg.): Filmgenres. Thriller. Philipp Reclam jun., Stuttgart 2013, ISBN 978-3-15-019145-3.
  • Georg Seeßlen: Thriller. Kino der Angst. Schüren, Marburg 1995, ISBN 3-89472-422-6.
  • Hans-Peter Schwarz: Phantastische Wirklichkeit. Das 20. Jahrhundert im Spiegel des Polit-Thrillers, Stuttgart (DVA) 2006. ISBN 3-421-05875-X

Um Spaweck änneren

Commons: Thrilleren – Biller, Videoen oder Audiodateien