Schlass Mënsbech
D'Schlass Mënsbech läit um westleche Bord vu Mënsbech, an der Gemeng Schëtter.
D'Schlass Mënsbech (2021) | |
Typ | Schlass |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Schëtter |
Plaz | Mënsbech |
Adress | 31, Rue du Parc, Mënsbech |
Koordinaten |
49° 37’ 58.58’’ N 06° 15’ 34.02’’ O |
Proprietär | Lëtzebuerger Staat |
Statut | Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter |
Am Schlass sinn de Centre pour le développement socio-émotionnel an den Institut étatique d'aide à l'enfance et à la jeunesse (Service Treff-Punkt) vum Educatiounsministère. Am Schlassgaart ass de Conservatoire du patrimoine des roses luxembourgeoises vun de Lëtzebuerger Rousefrënn.
Am Park beim Schlass stinn dräi bemierkenswäert Beem: e Käschtebam (Aesculus hippocastanum), eng Bluttbuch (Fagus sylvatica Purpurea) an eng Eech (Quercus sp.).
Geschicht
ännerenD'Schlass gouf 1775 als Residenz am Barockstil gebaut. Et huet zwéin Tierm, déi méi spéit bäikoumen[1] an eng Rëtsch Dependencen. Eng Zäit laang huet d'Famill Funck-Brentano dra gewunnt.
Den Institut universitaire international Luxembourg deen 1974 gegrënnt gouf[2], hat säi Siège bis 2018[3] am Schlass an huet do Coursen a Business, Europäeschem Droit a Management am ëffentleche Secteur ugebueden.
D'Areal vum Schlass gouf den 8. September 2009 op den Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen[4].
Biller
änneren-
Vue op d'Schlass
-
D'Roseraie
-
Am Park
-
D'Bluttbuch gehéiert zu de Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Schlass Mënsbech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ kuckt d'Bild vu Fresez/Liez aus den 1830er Joren, wou se nach net drop sinn.
- ↑ Règlement grand-ducal du 22 avril 1974 portant création de l'Institut Universitaire International de Luxembourg. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-10-11.
- ↑ Règlement grand-ducal du 23 août 2018 portant abrogation du règlement grand-ducal du 22 avril 1974 portant création de l'Institut Universitaire International de Luxembourg. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-10-11.
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).