Donatus vu Bad Münstereifel

kathouleschen Hellegen
(Virugeleet vu(n) Hellegen Donatus)

Den Donatus (vu Münstereifel), gebuer ëm 140 n. Chr. zu Roum a gestuerwe virun 180, war e réimesche Militär an e chrëschtleche Märtyrer, dee vun der kathoulescher Kierch helleggesprach gouf.

Donatus vu Bad Münstereifel
Gebuer 140
Roum
Gestuerwen 173 jul.
Roum
Aktivitéit Zaldot

Seng Reliquie goufe 1646 vu Roum an d'Jesuittekierch zu Münstereifel bruecht, vu wou aus seng Veréierung als Patréiner ausgaangen ass.

Den Donatus (deels och Donati) gëtt als Patréiner géint Schued, besonnesch op der Gewan, duerch Blëtz, Knëppelsteng, Stuerm a Feier veréiert.

Säi Liewen änneren

Den Donatus gouf ëm 140 n. Chr. zu Roum gebuer. Seng Mamm, déi Chrëschtin gi war, huet hien an hirem Glawen erzunn.

Mat 17 Joer gouf den Donatus Zaldot. Ëm 166 war hie Chef vun der 12. Legioun déi un der Donau géint d'Markomannen (e germanesche Stamm), agesat gi war. Wéi d'Legioun hoffnungslos agekesselt an um Verdiischtere war, huet den Donatus mat anere chrëschtlechen Zaldote gebiet fir datt et soll reenen. Et gouf dunn e schwéiert Donnerwieder mat vill Reen, an d'Blëtzer hunn d'Lager vun de Markomannen zerstéiert. Dëst 'Wonner' hunn d'Chrëschten op d'Interventioun vun hirem Gott zeréckgefouert an et huet den Donatus sou markéiert, datt hie geschwuer huet, säi Liewen ouni Fra ze verbréngen.

De Keeser Marc Aurel huet den Donatus zum Kommandant vu senger perséinlecher Garde gemaach. Wéi deen awer d'Bestietnes mat der Enkelin Alexandra vum Keeser refuséiert huet, gouf hien zum Doud verurteelt, dat well hien 'd'Gëtter géif veruechten'. D'Flaminia, d'Mamm vum Märtyrer, huet hien an de Katakombe vun der helleger Agnes zu Roum begruewe gelooss.

De Markomannekrich an och de Reen deen d'Réimer gerett huet, sinn historesch beluecht. Dat geplangte Bestietnes mat der Enkelin vum Keeser awer gehéiert an de Beräich vun der Legend.

Veréierung änneren

1646 huet de Poopst Innozenz X. d'Graf vum Donatus opmaache gelooss an d'Reliquien der Jesuittekierch zu Münstereifel geschenkt. Den Donatus ass domat e sougenannte Katakombenhellegen.

Nodeem d'Reliquien zu Euskirchen ukomm waren, sollte se den 30. Juni 1652 op Münstereifel bruecht ginn. Wéi muerges vum selwechten Dag de Jesuittepater Heerde zu Euskirchen d'Mass gehalen huet, ass de Blëtz ageschloen, an den Altor an och de Pater selwer hu Feier gefaangen. De Pater huet den hellegen Donatus zu Hëllef geruff, wouropshin d'Péng vun de Verbrennungen nogelooss huet an hien de Reliquien, déi schonn um Wee op Münstereifel waren, noreese konnt. Dëst Wonner huet d'Veréierung vum hellegen Donatus an der ganzer Ëmgéigend ageleet.

An der Eifel, dem Äerzbistum Köln, zu Lëtzebuerg an a Nidderéisträich gëtt hien als Patréiner géint Donnerwieder, Blëtz, Knëppelsteng a Feier veréiert.

De Gedenkdag vum hellegen Donatus ass den 30. Juni.

Zu Lëtzebuerg änneren

 
Donatus Statu um Felsbierg zu Wëntreng.
 
Donatuskapell zu Dol.

Zu Lëtzebuerg gëtt den hellegen Donatus virun allem am Éislek veréiert, do besonnesch um Kiischpelt, an op der Musel als Patréiner vun de Wënzer, wou hien d'Wéngerte virun Donnerwiederen a Knëppelsteng soll beschützen.

Hien ass de Patréiner vun enger Rëtsch Kierchen a Kapellen:

Et gëtt och eng Rei Statue fir den Donatus ze veréieren:

Den hellegen Donatus ass de Patréiner vun de Pompjeeë vu Gréiwels.[1]

Duerstellung änneren

Den hellegen Donatus gëtt gewéinlech als réimeschen Zaldot mat engem Blëtz, engem Palmblat an enger Gaarf Weess oder enger Rief duergestallt. Zu sengen Attribute gehéieren dacks och e Messer an en Dëppchen a Form vun engem Becher.

Quell änneren

De-Wikipedia (gelies de 5. August 2012)

Literatur änneren

Allgemeng Literatur änneren

  • Müller, Wolfgang, 1956. Der heilige Donatus in Geschichte, Legende und Kult. Trier, WA Priesterseminar.

Literatur iwwer den Donatus-Kult zu Lëtzebuerg änneren

  • Anonym, 1767. Kurzer Bericht der, unter Anruffung des h. Martyrers Donatus, Schutzpatrons gegen Ungewitter, Blitz, Donner, Sturmwinde und sonstige böse Einflüsse der Luft in der Abtey-Kirche Maria-Münster zu Lutzemburg.... Lutzemburg: bey den Erben des Andreas Chevalier, 48 S.
  • Anonym, 1882. Lieder zum heil. Donatus, Schutzpatron wider Blitz und Ungewitter. Luxemburg, J. Hary (St. Paulus-Druckerei), 8 S.
  • Bell, Matthias Joseph, 1881. Der heilige Donatus: Soldat und Martyrer: Schutzpatron wider Blitz und schädliche Ungewitter: eine fromme Legende,... Luxemburg: N. Breisdorff, 1881. 146 p.
  • Hausemer, Joseph, 1965. Sankt Donatus, der Schutzheilige gegen Brand, Blitz und Ungewitter. In: 60e anniversaire / Sapeurs-pompiers Canach. - Luxembourg, S. 29-35.
  • Jacquemin, Pierre (Hrsg.), 1912. Andachtsbüchlein zu Ehren des hl. Donatus. Ettelbrück, J. Gerard, 159 S.
  • Koenig, A., 1916. Verehrung des hl. Donatus im Luxemburger Lande. Ons Hemecht 1916, S. 186-188, 2002-205, 255-260, 293-296.
  • Kayser, Joseph, 1968. Bittgang zum hl. Donatus. In: Journée d'inauguration et de commémoration à Hollenfels: 20.10.1968: église et chemin de croix: Xe anniversaire Chapelle St. Sébastien. Luxembourg, Worré, S. 28-32.
  • Koenig, A., 1916. Verehrung des hl. Donatus zu Waldbredimus. Ons Hemecht 1918, S. 18.
  • Kneip, Nikolaus, 1882. Neues Luxemburger Donatus-Büchlein: zur Verehrung des heil. Donatus, Schutzpatrones wider Blitz und Ungewitter. Luxemburg, N. Breisdorff, 77 S.
  • Muller, René, 1965. Sankt Donatus, der Beschützer Wormeldingens und seiner Weinberge. In: Festivités du 45e anniversaire 1965 / F.C. Koeppchen Wormeldange. Grevenmacher, S. 79-84.
  • Muller, René, 1968. Donatus-Verehrung in Wormeldingen. In: Letzeburger Sonndesblad, Jg. 101(1968), Nr. 29, S. 8.
  • Muller, René, 1987. 60. Joresdag vun der Donatus-Prossessioun op d'Këppchen: 40. Joresdag vum Doud vum Paschtouer Nicolas Fey. In: Letzeburger Sonndesblad, Jg. 120(1987), Nr. 25, S. 7.
  • Pfarrei Aspelt (Hrsg.), 1955. Donatus-Feier in Aspelt: 9.-10. Juli 1955: 250jähriges Donatus-Jubiläum: 1705-1955. Katalog der Donatus-Ausstellung, 12 f.
  • Pfarrei Fels (Hrsg.), 1950. 250jähriges St. Donatus-Jubiläum: 300jähriges Bestehen der St. Rochuskapelle: Einweihung der Lourdes-Grotte: 9. Juli 1950. Luxemburg, St. Paulus-Druckerei, 38 S.
  • Schloesser, Renée, 1990. Den Hellegen Donatus. In: Letzeburger Sonndesblad, Jg. 123(1990), Nr. 26, S. 3-5.
  • Schram, Norbert, 1986. Den Donatus op Föls ! In: 100ième anniversaire du Corps de sapeurs-pompiers Wintrange. Wintrange, S. 182-184.
  • Smeddinck, Bernard, 1851. Vollständiges St. Donatus-Büchelchen: enthaltend die Geschichte der Reliquien dieses Schutzpatrons gegen Ungewitter, so wie besondere Andachten, Litaneien und Gesänge für die Bruderschafts-Mitglieder zu Arlon, Luxemburg, Trier und Münster-Eifel, und für alle Verehrer des hl. Donatus: nebst einem Worte kirchlicher Belehrung über Gewitter und über die Mittel gegen ihre schädlichen Folgen. Arlon, P.A. Brück, 108 S.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Donatus vu Bad Münstereifel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. D'Wahler Uucht 15 (2) 2/2016, S. 20. Archivéiert op 2021-10-16. Gekuckt de(n) 2021-10-16.