Donatus-Monument zu Mäerkels

D'Donatus-Monument zu Mäerkels ass e Monument zu Éiere vum hellegen Donatus.

Donatus-Monument zu Mäerkels
D'Donatus-Monument zu Mäerkels. Riets d'Strooss déi op Alschent féiert.
Typ Monument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Kiischpelt
Koordinaten 49°58'15,78"N, 5°59'39,48"O
Ageweit 26. August 1934
Material Schifer, Bronz, Mosaik
Kënschtler Joseph Sünnen
Zu Éiere vun Donatus vu Bad Münstereifel
Plack um Monument
De Park hannert dem Donatus-Monument, a Richtung Mäerkels gekuckt. Riets: d'Onofhängegkeetsmonument vun 1989.

Et gouf 1934 opgeriicht a steet laanscht den CR331 dee vu Mäerkels op Alschent féiert, an der Gemeng Kiischpelt am Éislek. D'Plaz wou et steet krut den Numm Beim Donatus.

Den hellegen Donatus ass de Patréiner dee géint Blëtz, Knëppelsteng a Stuerm, virun allem op der Gewan, schützt. Am Éislek, a besonnesch um Kiischpelt huet d'Veréierung vum hellegen Donatus eng laang Traditioun.

Monument änneren

Et besteet aus engem 7 Meter breede Sockel a Form vun engem Altor op deem véier matenee verbonne Piliere stinn, mat, op der Spëtzt, engem 2 Meter héije Kräiz aus Bronze. Dat ganzt Monument ass mat Schifersteng gebaut.

Op der viischter Säit, zur Strooss hin, ass en 3 Meter héije Mosaik mam Bild vum hellegen Donatus. Lénks dovu steet: ST DONATUS. D'Pläng vum Monument a vum Mosaik sinn d'Wierk vum Joseph Sünnen (1894-1969).

Op der Récksäit vum Monument ass eng Plack mat engem laténgeschen Text a Form vun engem Chronogramm:

SANCTE DONATE
CVSTOS EXPERTE
IVGITER TVEARIS
MERKHOLTZ
ATQVE ALSCHEIT

De Chronogramm ergëtt 1934, d'Joer an deem d'Monument gebaut gouf.

D'Monument gouf de 26. August 1934 ageweit. Et steet an enger parkänlecher Anlag, op där och en Onofhängegkeetsmonument vun 1989 ze gesinn ass.

Historique änneren

D'Initiativ fir de Bau vum Monument geet op den deemolege Paschtouer Krier vu Mäerkels zeréck. De Kënschtler Jos Sünnen hat him d'Pläng fir en Donatus-Monument gewisen, dat ursprénglech an der Muselgéigend, tëscht Réimech a Bech-Maacher, sollt gebaut ginn. Den hellegen Donatus gëtt als Beschützer vun de Wéngerte géint Donnerwieder veréiert.

De Paschtouer Krier huet sech awer fir de Bau vum Monument zu Mäerkels entscheet, dat och well d'Veréierung vum hellegen Donatus am Éislek, a besonnesch och um Kiischpelt, eng laang Traditioun huet. Dobäi kënnt, datt Mäerkels bis 1806 zur Par Pëntsch gehéiert huet, an där de Paschtouer Nikolaus Strevel eng Communautéit vu Bridder vum Donatus gegrënnt hat (et war dat déi éischt Donatus-Communautéit zu Lëtzebuerg).

De Mosaik, deen aus ronn 25.000 faarwege Steng besteet, gouf vun der Firma Rich. Gasser vun Düsseldorf realiséiert. D'Mosaiksteng koume jee zu engem Drëttel aus Italien an aus Däitschland, déi aner si Konschtsteng.

Quell änneren

Quell fir dësen Artikel (Stand vum 2. August 2012) ass den Artikel vum J. Haan (1934).

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Referenzen an Notten änneren