Feier bezeechent de Virgank vun der Verbrennung, d. h. vun enger séierer Verbindung vu brennbare Stoffer mat Sauerstoff, woubäi Liicht a Wäermt entstinn.

Feier op der Buerinsel Deepwater Horizon am Abrëll 2010

Wéi d'Mënsche bis d'Feier Meeschter gi sinn, si se a ganze Schotz an der Evolutioun no vir komm. D'Feier kacht de Kascht, bréngt Luucht an d'Däischtert, wiermt de Mënsch a verdreift wëll Déieren. Spéidere Gebrauch ass d'Brenne vun Zillen an d'Erhëtze vu Waasser fir d'Dampkraaft auszenotzen.

Feier kann een op eng sëllegen Aart a Weise maachen. Primitiv Vëlker bueren oder reiwen dréchen Hëlzer géinteneen, oder schloe Steng openee fir Fonken ze kréien. Eng Weiderentwécklung war de Feierstol, dee bis an d'17. Joerhonnert a Gebrauch war, an deen aus engem gebéite Stéck Stol bestanen huet, dat géint e Feierstee geschloe gouf. Ëm 1830 koumen dunn déi éischt Fixspéin op de Maart.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Feier – Biller, Videoen oder Audiodateien