Donatus-Monument zu Mäerkels
D'Donatus-Monument zu Mäerkels ass e Monument zu Éiere vum hellegen Donatus.
D'Donatus-Monument zu Mäerkels. Riets d'Strooss déi op Alschent féiert. | |
Typ | Monument |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Kiischpelt |
Koordinaten | 49°58'15,78"N, 5°59'39,48"O |
Ageweit | 26. August 1934 |
Material | Schifer, Bronz, Mosaik |
Kënschtler | Joseph Sünnen |
Zu Éiere vun | Donatus vu Bad Münstereifel |
Et gouf 1934 opgeriicht a steet laanscht den CR331 dee vu Mäerkels op Alschent féiert, an der Gemeng Kiischpelt am Éislek. D'Plaz wou et steet krut den Numm Beim Donatus.
Den hellegen Donatus ass de Patréiner dee géint Blëtz, Knëppelsteng a Stuerm, virun allem op der Gewan, schützt. Am Éislek, a besonnesch um Kiischpelt huet d'Veréierung vum hellegen Donatus eng laang Traditioun.
Monument
ännerenEt besteet aus engem 7 Meter breede Sockel a Form vun engem Altor op deem véier matenee verbonne Piliere stinn, mat, op der Spëtzt, engem 2 Meter héije Kräiz aus Bronze. Dat ganzt Monument ass mat Schifersteng gebaut.
Op der viischter Säit, zur Strooss hin, ass en 3 Meter héije Mosaik mam Bild vum hellegen Donatus. Lénks dovu steet: ST DONATUS. D'Pläng vum Monument a vum Mosaik sinn d'Wierk vum Joseph Sünnen (1894-1969).
Op der Récksäit vum Monument ass eng Plack mat engem laténgeschen Text a Form vun engem Chronogramm:
- SANCTE DONATE
- CVSTOS EXPERTE
- IVGITER TVEARIS
- MERKHOLTZ
- ATQVE ALSCHEIT
De Chronogramm ergëtt 1934, d'Joer an deem d'Monument gebaut gouf.
D'Monument gouf de 26. August 1934 ageweit. Et steet an enger parkänlecher Anlag, op där och en Onofhängegkeetsmonument vun 1989 ze gesinn ass.
Historique
ännerenD'Initiativ fir de Bau vum Monument geet op den deemolege Paschtouer Krier vu Mäerkels zeréck. De Kënschtler Jos Sünnen hat him d'Pläng fir en Donatus-Monument gewisen, dat ursprénglech an der Muselgéigend, tëscht Réimech a Bech-Maacher, sollt gebaut ginn. Den hellegen Donatus gëtt als Beschützer vun de Wéngerte géint Donnerwieder veréiert.
De Paschtouer Krier huet sech awer fir de Bau vum Monument zu Mäerkels entscheet, dat och well d'Veréierung vum hellegen Donatus am Éislek, a besonnesch och um Kiischpelt, eng laang Traditioun huet. Dobäi kënnt, datt Mäerkels bis 1806 zur Par Pëntsch gehéiert huet, an där de Paschtouer Nikolaus Strevel eng Communautéit vu Bridder vum Donatus gegrënnt hat (et war dat déi éischt Donatus-Communautéit zu Lëtzebuerg).
De Mosaik, deen aus ronn 25.000 faarwege Steng besteet, gouf vun der Firma Rich. Gasser vun Düsseldorf realiséiert. D'Mosaiksteng koume jee zu engem Drëttel aus Italien an aus Däitschland, déi aner si Konschtsteng.
Quell
ännerenQuell fir dësen Artikel (Stand vum 2. August 2012) ass den Artikel vum J. Haan (1934).
Literatur
änneren- Hahn, J., 1934. Das Donatus-Denkmal in Merkholtz-Alscheid. A-Z: Luxemburger Illustrierte vum 26. August 1934, S. 12-13. Link
Kuckt och
änneren- Lëscht vun de chrëschtlechen Hellegen
- Lëscht vun de Patréiner
- Kierchen zu Lëtzebuerg mat Reliquie vum hellegen Donatus:
- Kierchen a Kapellen zu Lëtzebuerg déi den hellegen Donatus als Patréiner hunn: