Dol

Uertschaft an der Gemeng Géisdref

Dol ass eng Uertschaft an der Gemeng Géisdref.

Dol
Plaz virun der Kierch vun Dol
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Dahl
de: Dahl
Land Lëtzebuerg
Kanton Wolz
Gemeng Géisdref
Buergermeeschter Jean-Paul Mathay
Awunner 360
  1. Januar 2021; 1. Januar 2022; 1. Januar 2023
Fläch 2,21 km²
Héicht 486 m
Koordinaten 49° 56’ 8’’ N
      5° 58’ 31’’ O

Originne vum Numm änneren

Den Numm Dol (Dahl), genee wéi d'Nimm Duelem (Dahlem an Dahlheim), ginn, dem Dicks a sengem Die deutsche Götterwelt im Luxemburger Lande no, vum däitschen heednesche Gott Heimdall ofgeleet, an zwar duerch d'Ëmdréie vu sengem Numm.

Geographie änneren

 
De Waassertuerm zu Dol.

Dol läit op engem Plateau op enger Héicht vu 490 m
De Waassertuerm zu Dol beliwwert d'Dierfer Dol, Géisdref, Nacher, Boukels a Masseler mat Drénkwaasser.

Geschicht änneren

Dol, dat deemools dem Walther Ritter, dem Här vu Wolz gehéiert huet, gouf den 23. Abrëll 1406 fir d'éischt an engem Dokument ernimmt.
Virdru war déi ganz Géigend am Besëtz vum Äerzbeschof vun Tréier. Den Äerzbeschof Balduin vun Tréier huet se dem Arnold IV., Buerghär von der Veltz, gestuerwen 1343, iwwerdroen. Duerch säi Bestietnes mat der Jutta von Wiltz koum dësen an d'Famill vum Walther Ritter, déi him dunn déi Uertschaften, déi an der Géigend louchen, verkaaft huet. De Verkafsakt, datéiert op de 27. Juli 1310, ass am Dokument enthalen, dat uewen ernimmt gouf.

Am Dezember 1944 goufen zu Dol eng Trupp vun 9 amerikaneschen Zaldote vun däitschen Truppen iwwerrascht an ënner Artilleriebeschoss geholl. D'Amerikaner hu sech an en Haus zeréckgezunn a waren decidéiert sech net z'erginn. No laangem Geschéiss ware 5 Gi's blesséiert, an 1 war gefall. Eng däitsch Infantriesattack gouf mat enger Jerrycan déi a Brand gestach gouf, a mat Handgranaten ofgewiert. Zwéin Däitscher déi et fäerdegbruecht hate bis an d'Haus ze komme goufe mat der Bajonett onschiedlech gemaach. No véier Stonnen haardem Kampf waren nach just 3 Amerikaner net blesséiert. Déi hu wéi se keng eege Munitioun méi haten, mat de Waffe vun den Däitsche weidergekämpft. Schliisslech hunn déi Däitsch opginn, a 25 Gefaange goufe gemaach, déi meescht ware blesséiert, an d'Wehrmacht hat eelef Doudeger.

Déi amerikanesch Sektioun stoung ënner dem Kommando vum Staff Sergeant Day G. Turner dee fir déi Aktioun d'Medal of Honor krut. Hien ass den 8. Februar 1945 gefall.[1] Den Day G. Turner, deen zu der 319. Infantriedivisioun gehéiert huet, läit um Amerikaneschen Zaldotekierfecht zu Hamm begruewen. (Abt. E, Rei 10, Graf 72)

De Schoulkomplex an d'Gebai vun de fräiwëllege Pomjeeën änneren

Am Joer 2001 koum et zum éischte Spuetstéch vum neie Gebai vum Précoce, Spillschoul a Pompjeeszenter.

Alzheimer-Foyer änneren

 
De Foyer Gënzebléi zu Dol.

An dem fréiere Primäschoulgebai an der Dälerbaach op der Nummer 1 ass haut den Alzheimer-Foyer Gënzebléi

Internetstuff änneren

D'Internetstuff vun der Géisdrëffer Gemeng ass zu Dol an der Duerfstrooss op der Hausnummer 32.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Dol – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Graf um amerikanesche Kierfecht zu Hamm. Op der Websäit vun der Medal of Honor ass den 9. Januar uginn.