D'Donatuskapell zu Ueschdref läit nërdlech iwwer Ueschdref a gouf 1907 vun der Famill Nepper gebaut. Ier se 1984 an de Besëtz vun der Ueschdrëffer Kierchefabréck koum, gouf se laang Zäit vun där Famill an duerno vun de Leit aus dem Duerf ënnerhal. An der Kapell steet eng Statu vum Hl. Donatus. Bei de Pressessiounen zu Éiere vum Hl. Donatus gouf d'Statu vu Jonken aus dem Duerf bei dës Kapell gedroen an et war Usus, fir dobäi fir den Ënnerhalt vun der Kapell ze afferen.[1]
- ↑ Quell: Panneau bei der Kapell