Donatuskierch zu Réiser

kathoulesch Kierch zu Réiser

D'Donatuskierch zu Réiser ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Hesper–Réiser–Weiler Disciples d'Emmaüs, zum Dekanat Süden-Ost an zu der Gemeng Réiser gehéiert.

Donatuskierch vu Réiser
Chouer vun der Réiser Kierch

Chouer vun der Réiser Kierch
Chouer vun der Réiser Kierch
Uertschaft / Plaz Réiser
Par Hesper–Réiser–Weiler
Disciples d'Emmaüs
Dekanat Süden-Ost
Numm / Patréiner Hl. Donatus
Konsekratioun 13. August 1874
Koordinaten 49° 32’ 26.5’’ N
      06° 08’ 44.5’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner ass den hellegen Donatus, deem säi Fest den 30. Juni gefeiert gëtt.

D'Kierch steet zu Réiser an der Grand-Rue, dem CR157. Nieft der Kierch steet e Monument aux Morts.

Zur fréierer Par Réiser gehéiert ausser der Parkierch vu Réiser och nach d'Filialkierch vu Peppeng.

Geschicht änneren

Mat dem Bau vun der Réiser Kierch vun haut ass am Joer 1852 ugefaange ginn, nodeem déi al Kierch ze kleng an dobäi och nach baufälleg war. De Bau vun der Kierch war am Joer 1854 fäerdeg. Si ass awer eréischt am Joer 1874 vum Bëschof Nicolas Adames konsekréiert ginn.

Uergel änneren

Am Joer 1986 krut d'Kierch eng nei Uergel mat 1414 Päifen an 23 Regëschteren.

Klacken änneren

D'Kierch huet véier Klacken. Dräi aus der aler Kierch an eng, déi 1996 vun engem Privatmann gestëft gouf.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Donatuskierch zu Réiser – Biller, Videoen oder Audiodateien