Eenelter Kapell

kathoulesch Kapell

D'Eenelter Kapell ass eng Kapell op der Gewan vun der fréierer Uertschaft Eenelter bei Recken an der Gemeng Miersch, déi dem helllegen Donatus an dem hellegen Theobald geweit ass.

Eenelter Kapell
Eenelter Kapell (2009)

Eenelter Kapell (2009)
Eenelter Kapell (2009)
Uertschaft / Plaz Recken
Par Miersch
Dekanat Miersch
Numm / Patréiner Hl. Donatus
Hl. Theobald
Baujoer 1897
Koordinaten 49° 45’ 35.1’’ N
      06° 04’ 41.6’’ O
Kierchen - Kapellen
D'Kapell vu Süde gesinn

Si gouf den 2. Abrëll 2021 als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Geographie änneren

Zirka 70 m vun der Kräizung vum CR105C (rue Principale) mat der N8 (route d'Arlon) zu Recken féiert en zirka 1,1 km laange Wee bausse vun der Uertschaft bis bei d'Eenelter Kapell. D'Kapell läit op enger Héicht vun 263 m, zirka 40 m méi héich wéi d'Uertschaft.

Geschicht[2] änneren

D'Kapell gouf warscheinlech schonn a fréichrëschtlecher Zäit gebaut. 1039 huet e Klausener, den Hellegen Theobald vu Provins, op Eenelter gelieft. D'Eenelter Kapell gouf 1180 fir d'éischt an engem Dokument ernimmt an hat deemools schonn d'Maartrecht; den Eenelter Maart (um 15. September) ass deemno ee vun den eelste Mäert zu Lëtzebuerg.

1751 gouf eng nei Kapell ageweit. 1799 gouf ënner der Franséischer Revolutioun de Mobiliar versteet, d'Kapell war zu deem Zäitpunkt scho verfall. De 5. Mee 1802 gouf op Ufro vum Prefekt a vum deemolge Mierscher Maire-adjoint Simon Neuens de Maart op Miersch verluecht.[3],[4]

1897 gouf eng nei Kapell gebaut, déi dem hellegen Donatus an hellegen Theobald geweit gouf.

1997 gouf se fir d'lescht restauréiert.

Zanter 2008 gëtt den Eenelter Maart, nees vum Dëschtennisclub DT Recken/Miersch als Konschthandwierksmaart am Duerfzentrum vu Recken organiséiert.[5]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Eenelter Kapell – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. "Eenelter Kapelle" op mersch.lu.
  3. Informatiounstafel virun der Kapell
  4. Luxemburgensia Biographie vum Generol Neuens
  5. "Eenelter Maart" mywort.lu, 30.08.2012