(6) Hebe
Den (6) Hebe ass en Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture, deen den 1. Juli 1847 vum Amateurastronom Karl Ludwig Hencke als sechsten Asteroid entdeckt gouf.
Eegenschafte vum Orbit | |
---|---|
Orbittyp | Haaptceintureasteroid |
Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
Grouss Hallefachs | 2,426 A.E. |
Exzentrizitéit | 0,2026 |
Sideresch Ëmlafzäit | 3 a 284 d |
Mëttel Bunnvitess | 18,9 km/s |
Inklinatioun | 14,75 Grad |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | 195 km |
Mass | 1,4 • 1019kg |
Mëttel Dicht | 1,7 g/cm3 |
Rotatiounsperiod | 7,3 h |
Albedo | 0,27 |
Absolut Hellegkeet | 5,7M |
Spektralklass | S |
Entdeckung | |
Entdecker | K.L. Hencke |
Entdeckungsdatum | 1. Juli 1847 |
Plaz | Driesen |
Aner Bezeechnungen | 1947 JB |
Den Himmelskierper gouf no der Hebe, der griichescher Gëttin vun der Jugend genannt.
Den Hebe beweegt sech op engem Perihel vun zirka 1,9 an op engem Aphel vun 2,9 astronomeschen Eenheeten, a ronn 3,8 Joer op enger exzentrescher Bunn ëm eis Sonn. D'Bunn ass zirka 15° géint d'Ekliptik gebéit, an d'Bunnexzentrizitéit ass 0,20.
Mat engem Duerchmiesser vu ronn 195 km gehéiert den Hebe zu de gréissten Asteroide vun der Haaptceinture. Hien huet eng relativ hell, silikaträich Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,27. Wärend der Oppositioun erreecht den Asteroid Hebe eng Hellegkeet vun 9,2 mag. Fir den Asteroid ze fannen, brauch een allerdéngs en Teleskop oder eng liichtstaark Spektiv.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- G. Michalak Determination of asteroid masses Astronomy & Astrophysics, Vol. 374, p. 703 (2001).
- shape model deduced from lightcurve
- MNRAS 7 (1847) 283 (discovery announcement)
- MNRAS 8 (1848) 103
- JPL Datebank: (6) Hebe