(221) Eos
Asteroid
(Virugeleet vu(n) Eos (Asteroid))
Den (221) Eos ass een Asteroid vun der baussenzeger Haaptasteroidenceinture, deen den 18. Januar 1882 vum Johann Palisa am Universitéits-Observatoire zu Wien entdeckt gouf.
Eegenschafte vum Orbit | |
---|---|
Orbittyp |
Haaptceintureasteroid Eos-Asteroiden |
Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
Grouss Hallefachs | 3,012 A.E. |
Exzentrizitéit | 0,103 |
Sideresch Ëmlafzäit | 5 Joer 83 Deeg |
Mëttel Bunnvitess | 17,162 km/s |
Inklinatioun | 10,888 Grad |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | 104 km |
Rotatiounsperiod | 10 h 20 min |
Albedo | 0,140 |
Absolut Hellegkeet | 7,67M |
Spektralklass | S |
Entdeckung | |
Entdecker | Johann Palisa |
Entdeckungsdatum | 18. Januar 1882 |
Plaz | Wien |
Den Himmelskierper krut den Numm vun der Eos, Gëttin vum Sonnenopgang aus der griichescher Mythologie.
Den Eos beweegt sech an engem Ofstand vun 2,701 (Perihel) bis 3,322 (Aphel) astronomeschen Eenheeten an 5,227 Joer ëm d'Sonn. D'Bunn ass 10,9° géint d'Ekliptik gebéit, d'Bunnexzentrizitéit ass 0,103.
Den Eos huet en Duerchmiesser vun 104 Kilometer. Hien huet eng relativ hell, silikaträich Fläch mat enger Albedo vun 0,140. A ronn 10 Stonnen a 26 Minutte rotéiert den Asteroid ëm seng eegen Achs.