De (44) Nysa ass en Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture, deen de 27. Mee 1857 vum Hermann Mayer Salomon Goldschmidt entdeckt gouf. Den Asteroid gouf no enger Uertschaft aus der griichescher Mythologie genannt.

(44) Nysa
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptasteroidenceinture
Nysa-Asteroiden
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 2,4236 A.E.
Exzentrizitéit 0,1490
Sideresch Ëmlafzäit 3,773 Joer
Mëttel Bunnvitess 19,13 km/s
Inklinatioun 3,7030 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser ~70 km
Mass ~3,7×1017
Mëttel Dicht ~2,0 g/cm³
Rotatiounsperiod 6,422 h
Albedo 0,545
Absolut Hellegkeet 7,03
Spektralklass E-Typ
Entdeckung
Entdecker H.M.S. Goldschmidt
Entdeckungsdatum 27. Mee 1857
Plaz Paräis
Aner Bezeechnungen 1977 CE

Den Nysa beweegt sech tëscht 2,0625 (Perihel) bis 2,7846 astronomesch Eenheeten (Aphel) an 3,77 Joer ëm d'Sonn. D'Bunn ass 3,7030° schif géint d'Ekliptik, d'Bunnexzentrizitéit ass 0,1490.

Den Nysa huet en Duerchmiesser vun 71 km an eng scheiwenaarteg Form. Hien huet eng ganz hell, gielzeg Uewerfläch mat enger aussergewéinlech héijer Albedo vun 0,545. Spektroskopesch Ënnersich hunn erginn, datt sech d'Uewerfläch aus dem Mineral Enstatit zesummesetzt.

Méiglecherweis handelt et sech bei de Meteorite vum Typ Aubrite (aus der Klass vun de Achondriten) ëm Brochstécker vum Nysa, déi bei enger Kollisioun an de Weltraum geschleidert goufen an irgendwann op d'Äerd opschloen.

A 6 Stonnen a 25 Minutte rotéiert den Nysa ëm seng eegen Achs. Duerch hir komesch Form weist den Nysa en däitleche Liichtbou, dee bis dohin eréischt un engem Klengplanéit festgestallt gouf.

Aspekter

änneren
Stationär
da réckleefeg
Oppositioun Oppositioun
Distanz
Oppositioun
Hellegkeet
Stationär
da rechtleefeg
Konjunktioun
18. August 2013 2. Oktober 2013 1,46120 10 20. November 2013 18. Juni 2014
9. Februar 2015 22. Mäerz 2015 1,24437 9,4 5. Mee 2015 28. November 2015
23. Mee 2016 14. Juli 2016 1,76711 10,6 4. September 2016 26. Februar 2017

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck

änneren