De Sternenbote ass eng éisträichesch astronomesch Zäitschrëft, déi all Mount erauskënnt. Den Editeur ass den Astronomesche Büro zu Wien. De Sternenbote gouf am Abrëll 1958 vum Adolf Riehs gegrënnt a spéider vum Hermann Mucke bis haut weidergefouert. D'astronomesch Schrëft kënnt zanterhier mat follgenden Artilen eraus:

  • Haaptartikelen
  • Kuerzberichter, dorënner Sonnenaktivitéit
  • Ephemeriden, aktuell Koméiten asw.
  • Observatiounsberichter
  • Kalendarium
  • Buchvirstellungen
  • Manifestatiounshiweiser

Ënner den Auteure vun den Haaptartikele si vill Amateurastronomen a Wëssenschaftler vum Themeberäich „Himmel und Weltall“.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren