Gliese 163
Stärebild: Dorado
Daten
Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 04h 09m 15,7s
Deklinatioun - 53° 22' 25"
visuell Magnitude + 11,8 mag
Spektralklass: M3.5
Astrometrie
Radial Vitess: zirka +1041 km/s
Parallax zirka 67 mas
Distanz zirka 49 Lj
Absolut Hellegkeet +11 mag
Physikalesch Eegenschaften
Mass: ? M☉
Radius: ? R☉
Liichtkraaft: ? L☉
Uewerflächentemperatur ? K
Aner Bezeechnungen
Gliese-Katalog GJ 163
Hipparcos-Katalog HIP 19394
Tycho-Katalog TYC 8502/1934/1
Weider Katalogen 2MASS: J04091567-5322254
LHS 188

De Gliese 163 ass e Rouden Zwerg vun der Spektralklass M3.5. Hie läit ronn 49 Liichtjoer (15 pc) vun eiser Äerd ewech am Stärebild Dorado. Ëm de Stär kreesen op d'mannst zwéi Planéiten. De Stär huet eng visuell Hellegkeet vun 11,8 mag an eng absolut Hellegkeet vu +11 mag.

Planetaresch Begleeder änneren

Am September 2012 gouf d'Entdeckung vun op d'mannst zwéin Exoplanéiten ëm de Gliese 163 mat Hëllef vum HARPS-Instrument bekanntgemaach. De baussenzege Planéit, Gliese 163 c (kuerz Gl 163 c), huet eng Ëmlafzäit vu knapps 26 Deeg a läit um bannenzege Rand vun der habitabeler Zon. Seng Mass ass op d'mannst 6,9 Äerdmassen. De bannenzege Planéit, Gliese 163 b, huet eng Ëmlafperiod vu 9 Deeg. Et gëtt driwwer eraus Hiweiser op en drëtte Planéit a méi enger grousser Ëmlafbunn wéi de b an den c.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Gliese 163 – Biller, Videoen oder Audiodateien