Parsec
De Parsec (ofgekierzt fir Parallaxesekonn, Eenheet pc) ass eng astronomesch Längteneenheet fir d'Distanzindikatioun vun Himmelskierperen. Et ass een Akronym aus dem engleschen „parallax of one arc second“.
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/7/70/1pc.svg/300px-1pc.svg.png)
Definéiert gëtt de Parsec als d'Distanz, vun där aus betruecht eng AE (mëttleren Ofstand vun der Äerd zu der Sonn) ënner engem Wénkel (vun der Parallax) vun enger Bousekonn, 1" = (1/3600)°, erschéngt. Domat ass 1 Parsec = 1 AE / tan (1") (kuckt Trigonometrie). Ass p d'Parallax vun engem Stär a Bousekonnen, sou kritt ee seng Distanz d a Parsec duerch d'Formel d = 1/p.
Parsec (pc)
ännerenDe Parsec ass am Internationalen Eenheetesystem zanter 1978 net méi zougelooss. Trotzdeem gëllt en an der Astronomie als onverzichtbar a gëtt weider gebraucht.
Ëmrechnung
ännerenE Parsec (1 pc) ass
- 3,085 677 581 28 • 1016 m (zirka 31 Trilliarde Meter),
- 3,085 677 581 28 • 1013 km (zirka 31 Milliarde Kilometer),
- 3,261 634 Lj (zirka 3,3 Liichtjoer) oder
- 2,062 648 062 45 • 105 AE (zirka 0,21 Milliounen Astronomesch Eenheeten),
- exakt: cot (1°/3600) AE ≈ (180 × 3600 / π) AE.
Besonnesches vun der Eenheet Megaparsec
ännerenDe Megaparsec (Mpc) ass eng normal Eenheet fir d'Beschreiwung vun Distanzen an der extragalaktescher Astronomie. En entsprécht enger Distanz vun 3,085 677 581 28 • 1019 km (zirka 31 Zettameter) oder ronn 3,3 Millioune Liichtjoer.
E Megaparsec huet an der Astronomie eng besonnesch Bedeitung, well dat den duerchschnëttlechen Ofstand vun zwou Galaxien am Universum an hirer maximaler Gréisst ass. D'Galaxiëkéip hu Radie vun 1 bis 5 Megaparsec.
Gläichfalls ass d'Eenheet „Megaparsec“ bei der „Fluchtvitesse vun de Galaxien“ (duerch d'Expansioun vum Universum) vu Bedeitung. Dee wiisst pro Megaparsec vun hirer Distanz ëm ongeféier 71 km/s (Hubble-Konstant H ≈ 71 km s−1 Mpc−1).
Beispiller
änneren- Proxima Centauri, eisen Nopeschstär, ass ongeféier 1,3 Parsec (4,2 Liichtjoer) vun eis ewech.
- D'"Lokal Grupp" - zu där eis Galaxie an de bekannten Andromedaniwwel gehéiert - erschéngt a Megaparsec uginn ganz no, nämlech 0,7 bis 2 Mpc.
- Déi notste Radiogalaxie (NGC 5128 oder Centaurus A) ass vun eis 3 Mpc ewech.
- De sougenannte Virgokoup mat ronn 3000 Spiralgalaxien läit ronn 22 Mpc vun eis ewech, de Comakoup 120 Mpc. Am Duerchschnëtt sinn déi Kéip 50 Mpc vuneneen ewech.