Geschicht vum Schlass zu Heeschdref

D'Schlass zu Heeschdref, an och de Park deen dozou gehéiert, leie laanscht d'Haaptsstrooss (N7/E421) am Uelzechtdall an der Gemeng Steesel.

D'Schlass zu Heeschdref

D'Schlass gouf 1888 am Stil vun der franséischer Spéit-Renaissance gebaut. Et erënnert a senger Architektur un d'Schlass vu Rambouillet.

D'Schlass an de Park sinn zanter 1916 am Besëtz vun der Kongregatioun vun der Doctrine chrétienne. Et gëtt zesumme mat den Niewegebaier als Altersheem fir d'Schwëstere vun der Kongregatioun an och fir d'Allgemengheet benotzt.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Schlass Heeschdref.

Op der Plaz vum haitege Schlass stoung fir d'éischt eng Buerg aus dem Mëttelalter. 1645 gouf se vum Jean de Beck mat engem schlassaartegen Neibau ersat. 1888 huet d'Lina Lippmann-Nathan, Wittfra vum Léon Lippmann, dat haitegt Schlass baue gelooss. 1916 koum et an de Besëtz vun der Kongregatioun vun der Doctrine chrétienne.

D'Buerg aus dem Mëttelalter

änneren

940 gëtt Heeschdref fir d'éischt an engem Dokument ernimmt, an deem de Kinnek Otto I. der Abtei Sankt Maximäin vun Tréier hire Besëtz zu Hehchichesdorf confirméiert. Zu där Zäit, am 10. oder 11. Joerhonnert, ass warscheinlech op der Proprietéit eng Buerg entstanen, mat engem befestegten Tuerm, deem seng Ruin bis 2006 bestanen huet.[1]

1314 gëtt den Heinrich von Stein, oder de Lapide, fir d'éischt als Här vun Heeschdref a Besëtzer vun der Buerg an engem Dokument ernimmt.

 
D'Wirtschaftsgebai mat deenen dräi Portaler vum Beck sengem Schlass vu 1645.

Dem Jean de Beck säi Schlass

änneren

1639 keeft de Barong Jean de Beck den Nokomme vun de mëttelalterlechen Hären hir Proprietéit zu Heeschdref of, fir en neit Schlass ze bauen, dat 1645 fäerdeg gouf. De Jean de Beck, deen et am Déngscht vun der éisträichescher Arméi zu engem grousse Verméigen an och zum Adelstitel bruecht hat, huet gläichzäiteg och zu Beefort e Schlass baue gelooss.

D'Proprietéit zu Heeschdref war quadratesch ugeluecht, mat enger befestegter Mauer ronderëm an engem Tuerm op jiddwer Eck. Zur Säit vun der Uelzecht hi stoung nach dee massiven Tuerm aus dem Mëttelalter, mat 19x14 m am Grondrëss. Ëm den Tuerm war e Waassergruef, an déi eng kleng Baach gelaf ass, déi aus dem Gréngewald erofkoum.

Dem Beck säi Gebai louch laanscht d'Haaptstrooss, wou och d'Haaptentrée war, an huet aus dräi Fligele bestanen.

D'Schlass gouf 1681 vun de franséischen Invasiounstruppen zerstéiert, kuerz drop, 1685, awer erëm nei opgebaut.

1711 verkafen d'Ierwe vum Jean de Beck d'Schlass un de Guillaume-François an de Philippe de Marchant, deenen d'Schmelz zu Dummeldeng gehéiert huet.

1766, wéi ënner der Keeserin Maria Theresia vun Éisträich e Kadaster opgestallt gouf, heescht et, d'Schlass wier verfall an nëmme méi vun engem Verwalter bewunnt.

1778 koum d'Schlass noeneen an de Besëtz vun den elsässesche Familljen Mohr de Waldt an de Reinach.

1878 verkafen d'Ierwen d'Proprietéit un de Banquier Léon Lippmann a seng Fra Lina Nathan. Nom Doud vum Léon Lippmann (1883) huet d'Wittfra d'Gebai vum Jean de Beck ofrappe gelooss fir en neit Schlass opzeriichten.

Vum Beck sengem Schlass sinn nëmmen zwee Portaler erhale bliwwen, déi an d'Fassad vum Wirtschaftsgebai, der "Maison Saint-Paul" aus dem fréie 19. Joerhonnert, laanscht d'Mëllerëffer Strooss agebaut goufen. Op de Portaler sinn d'Wope vum Jean de Beck a senger Fra, der Catherine de Capelle, ze gesinn. 1645 ass als Joreszuel agedroen.

D'Schlass vun 1888

änneren

D'Schlass dat haut nach besteet gouf nom Doud vum Léon Lippmann (1883) vu senger Wittfra, der Lina Lippmann-Nathan, no de Pläng vum belschen Architekt Charles Thirion am Stil vun der franséischer Spéitrenaissance baue gelooss. D'Fundamenter vum deemools neie Schlass goufen zu engem groussen Deel op déi vum Schlass aus dem 17. Joerhonnert gesat.

Per Testament koum nom Doud vun der Lina Lippmann-Nathan (d'Koppel hat keng Kanner)[2] d'Konschtsammlung aus dem Schlass un d'Stad Lëtzebuerg. D'Sammlung ass haut am Besëtz vum Stater Konschtmusée an der Villa Vauban.

1910 huet d'Ierwin Jeanne Seligmann-Nathan d'Schlass mat der ganzer Proprietéit un de Steeseler Millebesëtzer an Deputéierten Antoine Erpelding verkaaft. Deeselwechten huet kuerz drop de Park vum Schlass nei amenagéiere gelooss, woubäi zwéi Weieren an och déi al Beem erhale blouwen. Och d'Ruin vum mëttelalterlechen Tuerm gouf an den neie Park integréiert. 2006, wéi d'Maueren zesummegefall sinn, gouf d'Ruin, zesumme mat enger ugebauter Lourdes-Grotte ewechgeholl.

Direkt nieft dem Schlass gouf e Waasserbaseng an Hallefkreesform zesumme mat enger Grotte gebaut.

1916 verkeeft den Antoine Erpelding d'Schlass, zesumme mat zirka 10 ha Terrain, un d'Kongregatioun vun der Doctrine chrétienne, déi am Schlass en Altersheem fir d'Schwësteren ariicht.

D'Schlass no 1916

änneren

1917 zéien déi éischt Schwësteren, déi vu Méischdref koumen, an d'Schlass.

1925 goufen eng Kapell an e Wunngebai un d'Schlass ugebaut. 1928 kënnt e weideren Ubau mat iwwer 30 Zëmmeren dobäi (Pläng vum Architekt Deitz). D'Gebai vun 1928 gouf 2001 ofgerappt.

1930 gëtt d'Haaptstrooss méi breet gemaach, d'Mauer laanscht d'Schlass an de Park gëtt ofgerappt an dräi Meter zeréck nei opgeriicht.

1980 an 2007 gouf d'Schlass bannena renovéiert. 2007 huet en neie Fligel, deen an engem resolut moderne Stil op der Plaz vum Deitz-Gebai gebaut gouf, seng Dieren opgemaach. D'Pläng ware vum Architektebüro Hermann & Valentiny.

D'Kapell

änneren

Si gouf 1925 no de Pläng vum Metzer Architekt Kölling un d'Schlass ugebaut. An den Altor goufen zwéi Marberkamäiner aus dem Schlass agebaut.

Den 1. Mee 1925 huet de Bëschof Pierre Nommesch déi éischt Mass an der Kapell gehalen.

Kënschtleresch wäertvoll an der Kapell sinn:

2005/2006 gouf d'Kapell renovéiert.

De Kierfecht am Park

änneren

1919 gouf um Enn vum Park, zur Walfer Säit hin, e Kierfecht fir d'Schwëstere vun der Kongregatioun ugeluecht.

Méi Informatioun doriwwer am Artikel: De Kierfecht am Park

Referenzen an Notten

änneren
  1. A. Langini, 2010, S. 15.
  2. D'Lina Lippmann-Nathan ass zesumme mat hirem Mann um ale jiddesche Kierfecht a Clausen begruewen (cf. d'Bild vum Familljegraf am Artikel Léon Lippmann)

Quellen

änneren
  • Langini, A., 2010. Das Heisdorfer Schloß (sic). Le château de Heisdorf. Erausgi vun der Gemeng Steesel. Broschür vu 36 S., am DIN A5-Format. Ouni ISBN.
  • Koltz, J.-P. (Text) & T. Krier (Fotoen), 1975. Les châteaux historiques du Luxembourg. 231 S. Éditions Saint-Paul, Lëtzebuerg. (Schlass Heeschdref: S. 124-127).
  • Anonym, 1937. Die Kongregation der Schwestern der christlichen Lehre und ihr Wirken in unserm Lande. 128 S. Sankt-Paulus Dréckerei.