François Valentiny

lëtzebuergeschen Architekt


De François Valentiny, gebuer den 13. Mäerz 1953 zu Rëmerschen, ass e lëtzebuergeschen Architekt.

François Valentiny
Gebuer 13. Mäerz 1953
Rëmerschen
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Architekt

De François Valentiny huet op der École d'architecture de Nancy an der Universität für angewandte Kunst zu Wien beim Professer Wilhelm Holzbauer op Magister studéiert.

Zanter 1980 ass hien de Partner vum Hubert Herman mat deem hien zanter 1997 den Architekturbureau "hermann & valentiny und partners" / "hermann & valentiny et associés architectes s.à.r.l." (Wien / Rëmerschen) bedreift.

Hien huet och ënner anerem de Lëtzebuerger Tuerm um Tréierer Petrisberg an zesumme mat sengem fréiere Prof Wilhelm Holzbauer den Ëmbau vum Salzburger klenge Festspillhaus an d'Haus für Mozart entworf.

Gielercher änneren

  •   Goldenes Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich[1].

Biller änneren

 
Haus für Mozart, de Sall
 
Haus für Mozart, Entrée
 
Lëtzebuerger Tuerm vun der Säit
 
Gemeng zu Duelem

Um Spaweck änneren

Commons: François Valentiny – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Lëscht vun de Persounen déi tëscht 1952 an 2012 d'Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich kruten