Schlass Heeschdref

D'Schlass zu Heeschdref
De ronnen Tuerm vum Schlass. Riets den Ubau vun 2007. Lénks d'Verbindung mam Gebai Regina-Pacis
D'Schlass an d'Gebai Regina-Pacis

D'Schlass zu Heeschdref, an och de Park deen dozou gehéiert, leie laanscht d'Haaptsstrooss (N7/E421) am Uelzechtdall an der Gemeng Steesel. D'Schlass gouf 1888 am franséische Renaissance-Stil gebaut. Et erënnert a senger Architektur un d'Schlass vu Rambouillet.

D'Schlass an de Park sinn zanter 1916 am Besëtz vun der Kongregatioun vun der Doctrine chrétienne. Et gëtt zesumme mat den Niewegebaier als Altersheem fir d'Schwëstere vun der Kongegratioun an och fir d'Allgemengheet benotzt.

SchlassÄnneren

D'Schlass besteet aus zwéi Fligelen déi am rechte Wénkel zuenee gebaut sinn. D'Haaptentrée ass an der Mëtt vum Gebai, am eckegen Tuerm, deen déi zwéi Fligele matenee verbënnt.

D'Enn vum Fligel zur Uelzecht hi besteet aus engem ronnen Tuerm mat engem Daach a Form vun enger Kuppel, op där eng Tuermspëtzt steet. Am Tuerm ass dee sougenannte Rittersall amenagéiert. Vu bausse féiert eng monumental Trap op den éischte Stack vum Tuerm.

Iwwer der Haaptentréee stinn d'Joreszuele 1645 an 1888: 1888 gouf dat haitegt Schlass gebaut, dat op der Plaz wou 1645 de Jean de Beck sech e Schlass baue gelooss hat.

Zum Schlass gehéiert eng Kapell, déi 1924 vun der Kongregatioun ugebaut gouf, zur Säit vun der Haaptstrooss, do wou déi zwéi Fligel vum Schlass unenee stoussen.

Gebaier déi zum Schlass gehéierenÄnneren

Mam Schlass sinn zwéi aner Gebaier direkt verbonnen:

  • d'Haus Regina-Pacis, dat iwwer eng zoue Passerelle mam Schlass verbonnen ass; d'Haus huet 1992 seng Dieren opgemaach, d'Pläng ware vum Architekt Michel Mousel;
  • en ugebaute Fligel am moderne Stil, zur Walfer Säit hin; de Fligel gouf 2007 fäerdeg, d'Pläng ware vum Architektebureau Hermann & Valentiny.
 
D'Wirtschaftsgebaier mat deenen dräi Portaler aus dem Schlass vu 1645. D'N7 ass hannen am Bild ze gesinn.

Laanscht d'Mëllereferstrooss steet e Wirtschaftgebai aus dem fréie 19. Joerhonnert, an dat dräi Portaler aus dem Schlass vum Jean de Beck agebaut goufen. Op engem Portal ass de Wope vum Jean de Beck a senger Fra Catherine de Capelle ze gesinn, dat mat der Joreszuel 1645 (d'Joer an deem dem Jean de Beck säi Schlass fäerdeg gebaut war).

KapellÄnneren

Si gouf 1924 gebaut an 2005/2006 fir d'lescht renovéiert. Kënschtlerech wäertvoll sinn:

Geschicht vum SchlassÄnneren

Op der Plaz vum haitege Schlass stoung fir d'éischt eng Buerg aus dem Mëttelalter. 1645 gouf se vum Jean de Beck duerch e schlassartegen Neibau ersat. No 1885 huet d'Nina Lippmann-Nathan, Witfra vum Léon Lippmann, dat haitegt Schlass baue gelooss, dat 1888 seng Dieren opgemaach huet. 1916 koum et an de Besëtz vun der Kongregatioun vun der Doctrine chrétienne.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Geschicht vum Schlass zu Heeschdref

De Park vum SchlassÄnneren

Zum Schlass gehéiert e grousse Park, dee sech laanscht d'Haaptstrooss zitt a vun där en duerch eng héich Mauer getrennt ass.

De Park gouf kuerz no 1910 nei amenagéiert, woubäi déi al Beem stoe blouwen. Zwéin dovun, eng Schwaarzkifer an eng Summereech, ginn zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gezielt.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Park zu Heeschdref

Gebaier am Park vum SchlassÄnneren

Op der Propriétéit déi zum Schlass gehéiert stinn dräi separat Gebaier, déi fir sozial Zwecker gebraucht ginn (a Klameren d'Joer wou d'Gebai seng Dieren opgemaach huet).

  • d'Haus Marie-Consolatrice (1982), zur Mëllerefer Säit hin: en Altersheem;
  • d'Haus Nico-Kremer, och nach Foyer du Tricentenaire genannt (1996): e Foyer fir handicapéiert Leit;
  • de Chalet Ginkgo (déi fréier Wäschkichen); zanter 1980 fir Jugendgruppen amenagéiert.

QuellenÄnneren

  • Langini, A., 2010. Das Heisdorfer Schloß (sic). Le château de Heisdorf. Erausgi vun der Gemeng Steesel. Broschür vun 36 S., am DIN A5-Format. Ouni ISBN.
  • Koltz, J.-P. (Text) & T. Krier (Fotoen), 1975. Les châteaux historiques du Luxembourg. 231 S. Éditions Saint-Paul, Lëtzebuerg. (Schlass Heeschdref: S. 124-127).
  • Anonym, 1937. Die Kongregation der Schwestern der christlichen Lehre und ihr Wirken in unserm Lande. 128 S. Sankt-Paulus Dréckerei.

Um SpaweckÄnneren

Commons: Schlass Heeschdref – Biller, Videoen oder Audiodateien