Gemeng Reckeng op der Mess

lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Esch-Uelzecht
(Virugeleet vu(n) Gemeng Recken op der Mess)


D'Gemeng Reckeng op der Mess läit am Kanton Esch-Uelzecht an ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Reckeng op der Mess vun där se och hiren Numm huet.

Reckeng op der Mess
Coat of arms reckange sur mess luxbrg.png
Kierch Reckeng-102.jpg
An anere Sproochen fr: Reckange-sur-Mess
de: Reckingen/Mess
Land Lëtzebuerg
Kanton Esch-Uelzecht
Buergermeeschter Carlo Muller
Awunner 2.594 (1 Januar 2020)
Fläch 2.042 ha
Koordinaten 49° 33’ 46’’ N
      06° 00’ 28’’ O
Websäit http://www.reckange.lu/
Map Reckange-sur-Mess.PNG
Gemeng Reckeng op der Mess (orange)
am Kanton Esch-Uelzecht (rout)

Uertschaften an der GemengÄnneren

GeographieÄnneren

D'Gemeng Reckeng op der Mess läit am Süde vum Land am Kanton Esch-Uelzecht an huet eng Gesamtfläch vun 20,42 km². Dovu sinn 56,6 ha mat Bësch bedeckt. D'Mess fléisst duerch d'Uertschafte Reckeng op der Mess, Éileng a Wickreng.[1]

GeschichtÄnneren

1784 hu sech d'Uertschafte Éileng, Lampech, Piisseng, Reckeng op der Mess, Riedgen a Wickreng zesummegedoen fir d'Gemeng Reckeng op der Mess ze forméieren. Vun 1823 un huet och Leideleng zur Gemeng gehéiert, éier den 1. Juli 1856 (Gesetz vum 3. Mäerz 1856) d'Sektioune Leideleng a Schléiwenhaff vun der Gemeng Reckeng ofgetrennt goufen fir eng eegestänneg Gemeng Leideleng ze forméieren.[2]

Entwécklung vun der AwunnerzuelÄnneren

Quell:STATEC

DemographieÄnneren

Den 8. Dezember 2010 hunn an der Gemeng 2 173 Persoune gewunnt, dovun 1120 Fraen (51,5 %) an 1053 Männer (48,5 %). Déi meescht Awunner ware Lëtzebuerger; déi gréisst auslännesch Communautéit hunn d'Portugise mat 105 Persounen (4,8 % vun der Gesamtbevëlkerung) gestallt.

532 Persounen (24,5 %) ware méi jonk wéi 20 Joer an 432 Persounen (19,9 %) ware méi al wéi 60 Joer.

D'Haaptuertschaft Reckeng op der Mess hat mat 825 Awunner déi meescht Awunner an der Gemeng, virun Éileng (493 Awunner), Lampech (353 Awunner), Riedgen (333 Awunner), Piisseng (85 Awunner) a Wickreng (84 Awunner).[1]

Awunner no Nationalitéit
Rang Nationalitéit
Awunner Rang Nationalitéit
Awunner
1 Luxembourg  Lëtzebuergesch 1712 7 United Kingdom  Brittesch 23
2 Portugal  Portugisesch 105 8 Netherlands  Hollännesch 22
3 France  Franséisch 92 9 USA  US-amerikanesch 14
4 Italy  Italieenesch 53 10 Poland  Polnesch 8
5 Germany  Däitsch 48 Aner Nationalitéiten 53
6 Belgium  Belsch 43 Total 2173

PolitikÄnneren

BuergermeeschterenÄnneren

  • ...
  • 1844 & 1849:Dominique Grethen[3][4]
  • ...
  • 1935-1940: Jean-Pierre Hilger
  • 1940-1944: däitsch Besatzung
  • 1945-1963: Jean-Pierre Hilger[5]
  • ...
  • 2004-2006: Albert Huberty
  • 2007-2011: Raymond Sinnen
  • 2011-haut: Carlo Muller

Interkommunal SyndikaterÄnneren

D'Gemeng Reckeng op der Mess ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Gemeng Reckeng op der Mess – Biller, Videoen oder Audiodateien

ReferenzenÄnneren

  1. 1,0 1,1 reckange.lu: La commune se présente: La commune en chiffres
  2. reckange.lu: La commune se présente: Description
  3. ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
  4. Memorial N°16 vun 1849 mat dem ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL du 13 février 1849, n°12, portant nomination de bourgmestres
  5. Memorial A N° 4 vun 1946 mam Avis: Administrations communales. COMPOSITION DES COLLEGES ECHEVINAUX