Jean Goedert (Dokter)
lëtzebuergeschen Urolog an CSV-Politiker
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Medezinner a Politiker Jean Goedert. Fir aner Leit, déi sou heeschen, kuckt wgl. Jean Goedert. |
De Jean (genannt Jängi) Goedert, gebuer den 23. Januar 1926 zu Konsdref, a gestuerwen de 4. Abrëll 2019 zu Lëtzebuerg[1],[2], war e lëtzebuergeschen Urolog an CSV-Politiker.
Jean Goedert | |
---|---|
Gebuer |
23. Januar 1926 Konsdref |
Gestuerwen |
4. Abrëll 2019 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | CSV |
Seng Formatioun
änneren- 1932-1939: Primärschoul zu Konsdref,
- 1939-1946: Iechternacher Kolléisch (mat Ënnerbriechung wéinst dem Krich),
- 1946-1947: Cours supérieurs zu Lëtzebuerg,
- 1947-1954: Medezinsstudien zu Stroossbuerg a Paräis,
- 1954-1958: Spezialisatioun an der Chirurgie an an der Urologie zu Bonn an zu Homburg (Saar).
Seng Karriär
änneren- Berufflech
- Urolog an der Elisabetherinnen-Klinick zu Lëtzebuerg,
- Medezineschen Direkter vun der Elisabetherinnen-Klinick.
Den Dokter Goedert war staark beim Bau vum Centre hospitalier engagéiert an huet gehollef de SAMU-Déngscht fir d'Stad Lëtzebuerg an d'Häerzchirurgie an der Elisabetherinnen-Klinick opzebauen.
- Politesch
- 1964-1978: Member vum Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg,
- 1978-1999: Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg, zoustänneg fir den Urbanismus an de soziale Wunnengsbau,
- 1979-1989: Deputéierten (zanterhier Éierendeputéierten),
- 1995-1999: Vizepresident a President vun der EuRegio SaarLorLux.
De Jean Goedert huet vill derzou bäigedroe fir d'Quartiere Pafendall a Gronn ze restauréieren an nees opzebauen a fir d'Foussgängerzon an der Uewerstad anzeféieren.
- Aner Funktiounen
- 1966-1991: President, duerno Éierepresident vum Sang & Klang Pafendall[3],[4],
- 1968-2004: President vum fréiere Syndicat d'initiative et de tourisme vu Lëtzebuerg, dem haitege Luxembourg City Tourist Office (LCTO),
- 1973-2018 Member vum Verwaltungsrot[5] an 1978-2009 President vun der Ligue médico-sociale (virdrun: Ligue luxembourgeoise contre la tuberculose),
- 1964-??: President vun der Chorale: Le Madrigal de Luxembourg (duerno Éierepresident)[6],
- Member vum Verwaltungsrot vun der Action LIONS Vaincre le Cancer.
Gielercher
änneren- Grand-Officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 1996)[7]
- Héich Auszeechnunge vun der Belsch, Däitschland, Holland, Portugal a Spuenien
Referenzen
änneren- ↑ Dr. Jean Goedert ist verstorben op wort.lu den 9. Abrëll 2019
- ↑ Dr. Jean Goedert verstorben. Luxemburger Wort vum 10. Abrëll 2019, S. 25
- ↑ Société royale grand-ducale Sang & Klang Pafendall 1857-2007. Editioun Sang a Klang Pafendall. Dréckerei Victor Buck, S. 28.
- ↑ Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 13. Abrëll 2019
- ↑ Le Conseil d'Administration op ligue.lu, fir d'lescht gekuckt den 9. Abrëll 2019
- ↑ Le comité d'administration op madrigal.lu, fir d'lescht gekuckt den 9. Abrëll 2019
- ↑ Memorial B n° 50 vun 1996 mat der Lëscht vun de Leit déi 1996 eng national Auszeechnung kritt hunn