Hitten
Hitten, am Luxemburger Wörterbuch och als Hëtten ze fannen[2], ass eng Uertschaft an der Gemeng Biekerech am Kanton Réiden.
Hitten | |
---|---|
| |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Huttange de: Hüttingen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Réiden |
Gemeng |
![]() |
Buergermeeschter | Thierry Lagoda |
Awunner | 18 (12.07 2006[1]) |
Fläch | 142,88 ha |
Koordinaten |
49° 44’ 07’’ N 05° 53’ 52’’ O |
GeographieÄnneren
Hitten läit um Zesummefloss vun der Mollbaach an der Millebaach, aus deenen hanner Hitten d'Näerdener Baach entsteet.
HistoreschesÄnneren
No de Schrëftstécker gëtt Hitten 1236 fir d'éischt genannt. Réimesch Mënzen aus der Zäit vun den 30 Tyrannen (ëm 260 no Christus), déi an der Ëmgéigend vum Duerf fonnt goufen, beweisen datt zu Hitten awer scho laang virdru Mënsche gelieft hunn.
Den Numm Hüttingen geet op dat däitscht Wuert Hütten zréck.
VerkéierÄnneren
Hitten ass un d'Stroossennetz ugeschloss duerch d'Nationalstrooss N24 (Arelerstrooss) déi vun Dikrech op Arel féiert.
KuckeswäertesÄnneren
- D'Kapell vun Hitten vu 1714
- De renovéierte Wäschbuer vun Hitten aus dem Joer 1892.
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Hitten – Biller, Videoen oder Audiodateien |