Zuch

Transportmëttel op Schinnen

En Zuch ass en Transportmëttel op Schinnen, dat sech aus engem oder méi Waggonen zesummesetzt, déi entweeder vun enger Lokomotiv gezu ginn oder eng Automotrice sinn. Den Zuch gëtt benotzt fir Persounen oder Gidder, oder déi zwee, vun enger Plaz op déi aner ze transportéieren, an dat iwwer eng Streck déi am Viraus geplangt ass.

En TGV 2N2

Passagéierzich fueren tëscht Garen hin an hier, an deenen d'Passagéier eran- an erausklammen. Meeschtens fuere Passagéierzich mat engem festen Horaire. Heiansdo hu s'eng Restaurantsvoiture oder e Schlofwaggon.

De Schinnereseau, op deem d'Zich fueren, ass d'Eisebunn.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Zich – Biller, Videoen oder Audiodateien