E Waardesall oder eng Salle d'attente ass e Sall, dee fir d'Benotzer zur Dispositioun gestallt ass, fir hinnen z'erlabe fir kamoud op de Moment ze waarde bis se zerwéiert ginn.

Waardesall am Fluchhafe Paris-Charles-de-Gaulle

Waardesäll gëtt et zum Beispill:

An dësem Espace si gewéinlech Sëtzer, fir d'Waarden z'erliichteren. Fir datt et dem Benotzer net latzeg gëtt ass dacks an deem Sall en Dësch op deem Zeitungen oder Magazinne sinn, fir datt e wärend dem Waarden d'Zäit doutschloe kann. Heiansdo gëtt och un d'Kanner geduecht an hinne gi Spillgezei oder Comice bereetgestallt. Fir d'Stëmmung z'amelioréiere leeft munnechmol Musek am Hannergrond. Dacks stinn do och Automaten, bei deenen ee Gedrénks, Iessen oder soss Wuere kafe kann.