SNCB-Linn 48

Eisebunnsstreck Raeren - Sankt Vith

D'Linn 48 vun der belscher Eisebunnsgesellschaft SNCB war eng Linn déi vu Raeren iwwer Waimes op Sankt Vith gefouert huet.

Fréier Eisebunneschwunneng op der Gare vu Monschau
Streck bei der Seeërei zu Sourbrodt ass am Gaang ewechgerappt ze ginn (Februar 2008)

Et war domat een Deel vun der Vennbunn déi 1895 a Betrib goung. D'Streck déi net méi a Betrib ass, ass zanter Enn 2007 am Gaang ewechgerappt ze ginn.

Vun de Garen ass nach d'Gare vu Surbrodt déi 2009 restauréiert gouf, erhalen, déi vu Monschau an d'Gare vu Raeren a Waimes. D'Gare vu Weywertz gouf 1997 ewechgerappt.

Well d'Streck op enger Längt vu ronn 23 km duerch däitschen Terrain gefouert huet, a belscht Hoheitsgebitt war, sinn sou tëscht der Streck an der däitsch-belscher Grenz Exklaven entstanen. Déi klengst an och südlechst ass Ruitzhof. Weider no Norde koum dann d'Uertschaft Mützenich deen zur Gemeng Monschau gehéiert, an am Norden en Deel vu Roetgen. Op der Streck selwer sti riets lénks vum Gleis d'Grenzmaarke vis-à-vis.

D'Schinnen op der Streck komme vun Arbed-Belval, vun der Hadir a vun TREB.

Eng Korjéisheet gëtt et zu Roetgen. Beim Zeréckbau vun der Streck gouf do en Deel gebraucht, fir eng Kanalisatioun ënner Daach ze bréngen. Déi leeft do zum Deel iwwer d'Grenz, soudatt elo d'Grenzmaark 887 aus engem Kanalsdeckel besteet.

Uschlëss un d'Linn änneren

 
Gleiser an der Gare Roetgen Direktioun Raeren
 
Gleiser an der Gare Roetgen Direktioun Sankt Vith
 
D'Streck vun der Bréck zu Mützenich Direktioun Monschau