Eisebunnsstreck Rivage-Gouvy

D'Eisebunnsstreck Rivage-Gouvy oder Linn 42 vun der belscher Eisebunnsgesellschaft SNCB ass eng 59,8 Kilometer laang Linn déi Rivage an der Provënz Léck mat Gouvy an dodriwwer eraus mat der Nordstreck vu Lëtzebuerg verbënnt.

Eisebunnsstreck Rivage-Gouvy
Linnennummer 42
Bedreiwer SNCB
Technesch Donnéeën
Längt 60,2 km
Spuerbreet Normalspuer


Y vu Rivage. Den Tunnel vu Liotte op der Linn 42 (lénks). Riets d'Linn 43 mat der Bréck iwwer d'Amblève.

D'Linn 42 huet mat Ausnam vu verschiddenen Deelstécker an de Garen, an an dem Tunnel vun Trois-Ponts, tëscht Aywaille a Vielsalm nëmmen ee Gleis. Vu Vielsalm bis op Gouvy (11,4 km), a vu Rivage bis op Aywaille (8,2 km) ass d'Streck zweegleiseg. Si ass mat 25 kV elektrifizéiert.

D'Streck gëtt och alt vun der SNCB fir Belaaschtungs- an Homologatiounstester vun neie Lokomotive benotzt. D'Streck huet nämlech zwou géi Rampen, déi eng mat 15 ‰ tëscht Trois-Ponts a Vielsalm an eng vun 18 ‰ bei Cierreux tëscht Vielsalm a Gouvy.

Geschichtlech Daten änneren

Bau vun der Linn änneren

D'Linn 42 gouf an 3 Etappe gebaut:

Modernisatioun vun der Linn änneren

An den 80er Jore wollt d'SNCB d'Streck opginn. D'Linn, déi déi Zäit ganz zweegleiseg war, gouf op e Gleis zeréckgebaut, an eng Parti vu Garegebaier goufen ewechgerappt.

Op Drock vun der lëtzebuergescher Eisebunnsgesellschaft CFL a mat Ënnerstëtzung vum Lëtzebuerger Staat a vun Europa, gouf d'Linn an den 90er Jore moderniséiert.

Bei dëser Modernisatioun gouf d'Streck elektrifizéiert, Barrièrë suppriméiert, an d'Signalisatioun frëschgemaach.

De 25. Mee 2000 waren d'Aarbechten déi ronn 900 Millioune Frang kascht hu, fäerdeg.

Déi automatiséiert Signalisatioun gouf Enn November 2012 a Betrib geholl[1] an déi ganz Streck gëtt elektronesch vun der Gare vu Léck aus gesteiert.

Garen an Halten op der Streck änneren

A Schifschrëft sinn déi Halten opgezielt an deene keen Zuch méi hält, an déi deelweis ewechgerappt sinn.

Rivage (43) | Liotte | Hagoheid | Martinrive | Aywaille | Remouchamps | Nonceveux | Quarreux | Lorcé-Chevron | Stoumont | La Gleize | Roanne-Coo | Coo | Trois-Ponts (45) | Grand-Halleux | Rencheux | Vielsalm (47A) | Salmchâteau | Cierreux | Bovigny | Gouvy (163)

Verbindunge mat aneren Eisebunnsstrecken änneren

 
D'Linn 42 an der Sortie vu Gouvy an Direktioun Léck. Lénks am Bild tëscht den Hecken den Tracé vun der fréierer Linn 163 an Direktioun Sankt Vith
 
Eisebunnsviaduc vu Remouchamps
Am Fong den Autobunnsviaduc vu Remouchamps

.

  • Vu Gouvy aus:
  • Vun Trois-Ponts aus:
  • Zu Rivage:
  • Privatuschlëss:

International Zich änneren

Op der Streck fueren zanter 2014 am internationale Reseau belsch InterCityen.

Bauwierker op der Streck änneren

Brécken änneren

Tunnellen änneren

  • Tunnel vu Liotte (zweegleiseg): 82 Meter
  • Tunnel vu Remouchamps: 618 Meter
  • Tunnel vun Targnon: 279 Meter
  • Tunnel vu Xhierfomont: 127 Meter
  • Tunnel vu Cheneux: 250 Meter
  • Tunnel vu La Gleize: 59 Meter
  • Tunnel vu Roanne-Coo: 194 Meter
  • Tunnel vu Coo: 305 Meter
  • Tunnel vun Trois-Ponts (zweegleiseg): 345 Meter

Um Spaweck änneren

Commons: Eisebunnsstreck Rivage-Gouvy – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Artikel an der Sudpresse