De Lick-Observatoire ass en astronomeschen Observatoire, dee vun der University of California bedriwwe gëtt. E steet op enger Héicht vun 1.300 Meter op der Spëtzt vum Mount Hamilton, no bei der Stad San Jose a Kalifornien. Et gouf aus der Ierfschaft vum James Lick, engem US-amerikanesche Pianobauer a Groussgrondbesëtzer finanzéiert.

Lick-Observatoire

Geschicht änneren

De Lick-Observatoire war den éischten Observatoire, deen op enger Spëtzt vun engem Bierg opgeriicht gouf. Ausschlaggiewend war d'Plaz, déi mat 330 kloren Nuechten am Joer an enger roueger Loft ganz gutt Observatiounsbedingunge bitt. D'Spëtzt vum Mount Hamilton läit iwwer dem Niwwel, dee sech dacks iwwer d'Bucht vu San Francisco leet.

Ier mam Bau vum Observatoire ugefaange konnt ginn, huet missen eng Strooss op d'Plaz gebaut ginn. D'Baumaterial huet all misse mat Päerd a Mauldéierkaren erugeschafft ginn. Ronn 360 (!) Kéiere féieren erop op d'Spëtzt vum Bierg.

De Bau vum Observatoire huet vun 1876 bis 1887 gedauert. De Kierper vum 1886 verstuerwene Lick gouf 1887 op dem Gebitt bäigesat. Eng Messengstafel dréit déi einfach Opschrëft: Here lies the body of James Lick.

Den 91-cm-Refrakter war bei der Aweiung den 3. Januar 1888, dat weltwäit gréisste Lënsenteleskop. Am Abrëll 1888 gouf den Observatoire der Universitéit vu Kalifornien iwwerginn.

Mat dem Wuesstem vu San Jose an dem Silicon Valley gouf d'Liichtverschmotzung e grousse Problem fir d'Observatioun. Am Joer 1980 gouf dofir e Programm an d'Liewe geruff fir d'exzessiv Beliichtung ze reduzéieren. Sou gouf z. B. d'Stroossebeliichtung op Nidderdrock-Natriumdampullen ëmgestallt.

Déi Moossname féieren dozou, datt de Mount Hamilton weider als astronomesch Fuerschungsstatioun benotzt ka ginn.

Nieft dem historesche Refrakter goufen am Laf vun der Zäit weider Teleskopen um Gebitt opgeriicht.

Ekipement änneren

Follgend Instrumenter ginn zurzäit um Lick-Observatoire agesat:

  • 91-cm-Lick-Refrakter
  • C. Donald Shane 3-m-Spigelteleskop
  • Carnegie 50-cm-Duebel-Refrakter
  • Anna L. Nickel 1-m-Spigelteleskop
  • Edward Crossley 90-cm-Spigelteleskop
  • Coudé-Spigelteleskop 60 cm
  • Tauchmann 50-cm-Spigelteleskop
  • 135-mm-CCD-Koméitekamera
  • Katzman Automatic Imaging Telescope (KAIT), e 76-cm-Spigelteleskop fir automatesch Himmelsfotoen.

Entdeckungen änneren

Déi follgend Himmelskierper goufen um Lick-Observatoire entdeckt.

Jupitermounden änneren

Exoplanéiten änneren

Asteroiden änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Lick Observatory – Biller, Videoen oder Audiodateien