Temperatur

physikalesch Zoustandsgréisst
Physikalesch Gréisst
Numm Thermodynamesch Temperatur
Formelzeeche vun der Gréisst  (nëmme fir Angaben a Kelvin)
Formelzeeche vun der Dimensioun θ
Gréissten- an
Eenheetesystem
Eenheet Dimensioun
SI K, °C θ
Planck Planck-Temperatur ħ1/2·G−1/2·c5/2·k−1
Anglo-
amerikanesch
°F, °Ra θ

D'Temperatur ass eng physikalesch Zoustandsgréisst. Wann zwéi Systemer ënnerschiddlech Temperaturen hunn, fléisst Wäermt vum System mat der héijer Temperatur an de System mat der niddreger Temperatur. Zwéi Systemer mat der selwechter Temperatur sinn am thermesche Gläichgewiicht.

Thermodynamesch ass d'Temperatur definéiert als d'Ännerung vun der bannenzeger Energie, no der Entropie bei festem Volume a Stoffmeng.

Op molekularem Niveau ass d'Temperatur en Equivalent fir d'gemëttelt kinetesch Energie () vun de Moleküllen. Fir de Billard-Kugel Modell gëllt d'Bezéiung:

Temperatur-Skalen an Eenheeten änneren

Grad Celsius änneren

Bei der Definitioun vun der Grad Celsius ( ) Skala ass den Temperaturberäich tëscht dem Gefréierpunkt an dem Kachpunkt vum Waasser bei atmosphäreschem Drock ( ) an honnert Eenheeten ënnerdeelt ginn. Dobäi ass de Gefréierpunkt vum Waasser als Nullpunkt festgeluecht ginn an dem Kachpunkt de Wäert 100 zougedeelt ginn. Fir Temperaturen an der Grad Celsius Skala gëtt meeschtens d'Formelzeechen   oder   geholl.

Kelvin änneren

D'Andeelung vun der Kelvin ( ) Skala ass déi selwecht wéi déi vun der Grad Celsius Skala an nom William Thomson, 1. Baron Kelvin genannt. Hei ass awer den Nullpunkt op déi thermodynamesch déifst méiglech Temperatur ( ) geluecht ginn. Fir Temperaturen an der Kelvin Skala gëtt d'Formelzeechen   gebraucht. D'Ëmrechnung vun   an   ass deementspriechend:

 

Temperaturen an der Kelvin Skala ginn och dacks thermodynamesch Temperatur oder absolut Temperatur genannt.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Temperatur – Biller, Videoen oder Audiodateien