Fort de Tancrémont
De Fort de Tancrémont op der Kopp vun Tancrémont war de klengste Fort vum Lécker Festungsrank. D'Anlag huet d'Form vun engem onreegelméissege Véiereck a läit op den zwou Gemenge Pepinster an Theux. Et ass eng vu véier neie Festungen, déi 1936 gebaut goufen. Zesumme mat 8 méi ale Festungen huet se zu der Position fortifiée de Liége (PFL1) gehéiert. D'Garnisoune vun deenen 12 Festunge waren een Deel vum Régiment des Forteresses.
De Fort huet sech am Zweete Weltkrich als dee leschten erginn, e puer Deeg nodeem d'belsch Arméi scho kapituléiert hat. E läit op der Nationalstrooss N° 666 tëscht Tancrémont a Pepinster a kann als Musée besicht ginn.
Geschicht vum Fort
ännerenDe Fort gouf 1936 gebaut, den 8. August 1937 ageweit, an huet eng Fläch vun 3.30 ha.
Den 29. Mee 1940, 36 Stonnen no der Kapitulatioun vun de belschen Truppen huet dëse Fort sech erginn. Dat war keng sou einfach Decisioun fir de Kommandant vun der Festung, de Capitaine Abel Devos, dee Batterie-Chef vum Fort war, well seng Verbindung zu den anere Festunge rondërem ofgeschnidde war, an hie keng Informatiounen iwwer d'Kapitulatioun hat. En huet awer, nodeem den däitschen Offizéier, de Generol-Léitnant Spang him säin Éierewuert als Offizéier ginn hat, datt de belsche Kinnek sengen Truppe gesot hätt opzehale mat kämpfen, sech schliisslech erginn.
Bewaffnung vum Fort
ännerenWaffe fir wäit ze schéissen
änneren- 2 Kuppele mat 2 Kanoune vu 75 mm (Si konnte bis op 10.000 m schéissen)
- Dës véier Kanounen (FRC Modell 1934) waren an zwou versenkbare Kuppelen an de Gebaier B.II a B.IV agebaut. Si konnten an der Kuppel eran an eraus gezu ginn a ware vun der Fonderie Royale des Canons aus der Kanoun 75 mm Bofors vun 1934 weiderentwéckelt ginn, déi och den Artilleriesregiment vun de Chasseurs Ardennais ekipéiert huet.
- 1 Mortiersblock mat 3 Mortiere vun 81 mm astellbar tëscht 300m an 3.600 m.
- Wëll d'Käschte fir Kuppelen ze baue relativ héich ware gouf decidéiert, eng drëtt Kuppel duerch e Mortiersblock z'ersetzen, deen an der Mëtt vun der Festung sollt stoen. Dat Gebai krut den Numm B.M. (bâtiment mortier). Déi dräi Mortiere waren an engem Wénkel vun 90° vunenee versat a stoungen an enger spezieller Kasemat déi sou gutt gebaut war, datt se all déi däitsch Bombardementer iwwerstanen huet. D'Mortiere selwer waren eng Entwécklung vun der franséischer Arméi aus dem Modell Stokes-Brand vun 1927/1937.
Waffe fir Noverdeedegung
änneren- 3 Schwéier Maschinnegewierer
- 4 Kanoune 47 mm géint Tanksen
- Dës Kanoune vum Typ FRC 47mm Modell 1936 stoungen a sougenannte Kofferen. An de Kofferen C.II an C.IV stoungen all Kéier eng, an am Koffer C.III zwou. Dës Kanoune ware geduecht fir d'Festung géint Tanksen ze verdeedegen, wann déi sollte bis an d'Grief kommen.
- 26 Duebel Maschinnegewierer
- 7 Automatesch Gewierer
- 8 Flaken
D'Besatzung vum Fort am Mee 1940
änneren- 15 Offizéier
- 54 Ënneroffizéier
- 500 Brigadieren an Zaldoten
Dës Zuele si bis op e puer Ofwäichungen no verschidden Auteure genee. Bei den Offizéier kënnen et der och nëmme 14 gewiescht sinn, bei den Ënneroffizéier 59 a bei de Brigadieren an Zaldoten 449.
Dat hänkt ëmmer dovun of, ob den Auteur nëmmen d'Haaptfestung a Betruecht zitt oder déi baussenzeg Positioune mat dra rechent.
Kuckt och
änneren- Militärarchitektur: Approche - Bockellinn - Caponnière - Contre-escarpe - Courtine - Escarpe - Glacis - Kasematt - Ravelin - Redoute - Reduit - Zitadell
- Festung Lëtzebuerg: mat: Bastioun Louis - Fort Olizy - Fort Thüngen - Kasematten - Malakoff-Tuerm - Nei Paart - Spueneschen Tiermchen
- Festungen an der Belsch: Fort de Tancrémont - Fort de Battice - Fort d'Aubin-Neufchâteau - Fort d'Eben Emael - Fort d'Évegnée-Tignée - La Chartreuse - Zitadell vu Léck
- Festungen a Frankräich: Maginot-Linn - Château d'If - Fort d'Illange - Fort de Villy-La Ferté - Fort de la Pompelle - Zitadell Montmédy - Tour Solidor - Fort de Charlemont - Fort-La-Latte - Mont-Dauphin - Zitadell vu Bitche - Redoute de la Justice
- Festungen an Italien: Festunge vu Folgaria - Trentiner Festungen
- Festungen an Norwegen: Festung Akershus
- Festungen a Portugal: Fortaleza de Sagres - Tuerm vu Belém
- Festungen an den USA: Alcatraz
- Festungen a Kanada: Zitadell vu Québec
Um Spaweck
ännerenCommons: Fort de Tancrémont – Biller, Videoen oder Audiodateien |