Pepinster

belsch Gemeng

Pepinster (lokal: Pèpéstêr)[1] ass eng Gemeng am Oste vun der Belsch an der Provënz Léck. Se huet 9.735 Awunner (Januar 2014).

Pepinster
D'Gemengenhaus
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Verviers
Awunner 9.765 (1. Januar 2018)
Fläch 2 479
Koordinaten 50° 34’ 00’’ N
      05° 48’ 00’’ O
Telefonszon 087
Postcode 4860
Websäit http://www.pepinster.be

Geographie änneren

Pepinster läit op enger Héicht vun 150 Meter, e puer Kilometer westlech vu Verviers am Dall vun der Weser do wou d'Hoëgne draleeft.

Geschicht änneren

D'Gemeng Pepinster sou wéi se haut besteet ass 1977 bei der belscher Gemengereform duerch d'Fusioun vu Pepinster mat de fréiere Gemenge Soiron a Wegnez entstanen. 1964 hat Pepinster scho mat der Gemeng Cornesse fusionéiert.

Vun 898 bis 1848 huet Pepinster zesumme mat Theux zur Maarkgrofschaft Franchimont gehéiert, vun där Theux den Haaptuert war. 1848 gouf et dunn eng eegestänneg Gemeng déi 1926 och hiren eegene Wope krut deen déi nei Gemeng 1977 den 23. Dezember 1977 ugeholl huet an den 9. Oktober 1980 mat engem Arrêté Royal konfirméiert gouf.

Verkéier änneren

Iwwer d'Gare vu Pepinster ass d'Uertschaft un d'International Streck Léck-Oochen ugeschloss an iwwer d'Linn 44 huet s'en Uschloss un d'Thermalstiedche Spa.

Un d'Stroossennetz ass se iwwer d'Nationale 61, d'Nationale 690, d'Nationale 666 an eng hallef Dosen zweetrangeg Stroossen ugebonnen.

Sektioune vun der Gemeng änneren

Cornesse, Pepinster, Soiron a Wegnez.

Kuckeswäertes änneren

Jumelage änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Pepinster – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. Lokale wallouneschen Dialekt an der Géigend vu Verviers a Malmedy