D'Redoute de la Justice och nach Redoute Dujard ass en Deel vun de Befestegungsanlage vun der Festung vun Toul a Loutrengen. D'Redoute läit südwestlech vun Toul, an et gouf vum Dezember 1874 bis Enn 1875 dru gebaut. Se läit op enger Héicht vun 245 m um rietsen Uwänner vun der Musel.

De Bau gouf ni ganz fäerdeg, sou feelen z. B. d'Caponnièren, a si gouf net laang benotzt. Nom Bau vum Fort de Domgermain a vum Fort de Blénod, gouf se desarméiert.

Si hat eng Besatzung vu 158 Mann, dovun 10 Ënneroffizéier a véier Offizéier.

No 1883 goufen déi Deeler déi net fäerdeg waren, erëm ofgerappt, well se geféierlech waren, mä d'Festungswierk gouf bis zum Enn vum Éischte Weltkrich an der Rei gehalen. Tëscht 1885 an 1914, gouf et deelweis als Kasär benotzt.

D'Redoute gehéiert haut nach ëmmer der Arméi, an den Accès ass verbueden.

Bewaffnung vun 1879: