Fort d'Aubin-Neufchâteau

De Fort d'Aubin-Neufchâteau war eng vun de sougenannten neie Festungen am Lécker Festangsrank. E louch nërdlech vun der Uertschaft Neufchâteau op enger Héicht vu ronn 180 Meter.

D'Westentrée vum Fort
Ërennerungsplack beim Monument vum Fort
Monument beim Fort
Den Daach vum Fort vu Süde gesinn

De Fort gouf tëscht 1935 an 1940 gebaut. En hat ee Grondrëss an Dräiecksform, mat Säitelängte vun ongeféier 300 Meter.

Nodeem an den éischten Deeg vum Zweete Weltkrich de Fort d'Eben Emael gefall war, huet de Fort vun Aubin-Neufchâteau den Truppe vun der Wehrmacht nach eelef Deeg laang resistéiert. Ënnerstëtz gouf e doderbäi vun den Nopeschfestunge Fort de Battice a Fort de Barchon. D'Festung gouf vun Artillerie an Aviatioun schwéier bombardéiert, an huet sech eréischt erginn, wéi kee Schoss Munitioun méi do war. Déi belsch Besatzung hat 7 Doudeger an 20 Blesséierter ze bekloen, beim Gegner waren d'Verloschter ganz héich. D'Wehrmacht hat an 23 Attacken déi de se géint de Fort gemaach haten, ronn 2.000 Mann verluer, hir gréisst Perte un der Westfront am Ufank vum Krich.

D'Festung vun Aubin huet sech erginn, wéi duerch déi schwéier Bombardementer, all hir Tourellen zestéiert waren, a se keng Munitioun méi haten, fir sech am Nokampf kënnen ze verdeedegen. Wéi déi lescht Granat verschoss war, haten d'Ugräifer et liicht fir an de Fort eranzekommen. De Kommandant Oscar d'Ardenne an e puer Offizéier wollten an de Galerië weiderkämpfen, wat awer vum Comité de Défense refuséiert gouf.

Sou huet hie sech, schliisslech nodeem en zweemol eng Kapitulatioun refuséiert hat, missen erginn.

De Courage vun de belschen Truppen, hat op d'Zaldote vun der Wehrmacht sou ee groussen Androck gemaach, datt se de Fort nodeem se alles dran zerstéiert haten, wat den Adversaire hätt kënne gebrauchen, mat hire Waffe konnte verloossen, an déi däitsch Truppen hate souguer en Éierespaléier gemaach.

De Fort ass haut nach am Besëtz vun der Arméi, a gëtt vun enger Grupp Fräiwelleger an der Rei gehalen. Vun den Installatioune selwer ass net méi vill Rescht, well an de 60er Joren de Blindage, an och soss alles wat engem Stéck Stol geglach huet, ofgerappt a verschrott gouf.

De Fort kann all drëtte Sonndeg am Mount, wärend de Summerméint besicht ginn.

Bewaffnung vum Fort änneren

Waffe fir op wäit Distanz ze schéissen änneren

2 Tourelle mat zwou 75mm Kanoune fir Schnellfeier (30 Schëss/Minutt) 1 Block mat dräi 81 mm Mortieren an der Mëtt vum Fort déi tëscht 300 an 3600 Meter wäit schéisse konnten.

Waffe fir op no Distanzen ze schéissen (Combat rapproché) änneren

5 Antipanzerkanoune vu 47mm 9 duebel Maxim-Mitrailleusen 2 Klacke mat schwéiere Maschinnegewierer an deen och eng 47mm Panzerkanoun konnt agebaut ginn. 6 licht Maschinnegewierer

Am Mee 1940 hat de Fort eng Besatzung vu 526 Zaldoten, Ënneroffizéier, an Offizéier matgerechent.

Randnotiz änneren

Den éischten Doudege vun der Festung war de Brigadier Lescrenier, deen op engem baussenzege Posten den 10. Mee 1940 zu Sint-Martens-Voeren gefall war. E klengt Monument op der Plaz wou e gefall ass erënnert dorun.

Kuckt och änneren