Fort-La-Latte
Fort-La-Latte, fréier och Roche-Gouyon genannt ass eng Buerg an der Bretagne a Frankräich. Si läit vis-à-vis vum Cap Fréhel am Departement Côtes-d'Armor. Fort-La-Latte ass eng vun de bekanntste Buergen an der Bretagne
Geschicht Änneren
D'Buerg Roche-Gouyon ass am 14. Joerhonnert vum Étienne III Gouyon gebaut ginn..
Filmer Änneren
D'Buerg läit sou flott um Mier, datt se eng wonnerbar Kuliss fir Filmer ass.
Filmer déi um Fort-la-Latte gedréint goufen:
- The Vikings 1957 vum Richard Fleischer mam Kirk Douglas an Janet Leigh.
- Histoires extraordinaires 1967, de Sketch Metzengerstein, vum Roger Vadim mat der Jane Fonda an dem Peter Fonda
- Lancelot du Lac, 1970 (TV) vum Claude Santelli mat der Marie-Christine Barrault
- La danse de mort, 1983 (TV) vum Claude Chabrol mam Michel Bouquet
- Chouans , 1987 vum Philippe de Broca mam Philippe Noiret an der Sophie Marceau
- Le jeu du roi, 1988 (TV) vum Marc Evans mam Pierre Dux
- Ridicule, 1996 vum Patrice Leconte mam Jean Rochefort an der Fanny Ardant
- Il cuore e la spada,1998 vum Fabrizio Costa mam Joachim Fuchsberger
Um Spaweck Änneren
Commons: Fort-la-Latte – Biller, Videoen oder Audiodateien |