Redoute
Eng Redoute (op Däitsch och nach Feldschanze) ass e Festungswierk dat aus enger befestegter Plaz besteet, déi normalerweis bausse vun engem méi grousse Fort läit. Si huet als Aufgab, Zaldote Schutz ze ginn déi virun der Haaptfestungslinn kämpfen.
Baugeschicht
ännerenRedoutë gëtt et zanter dem Mëttelalter. Am 19. Joerhonnert, mat der Entwécklung vu staarker Belagerungsartillerie, si Redouten hirer Aufgab net méi gerecht ginn. Am éischte Weltkrich goufe Redouten als befestegt Ënnerstänn an der Frontlinn gebaut. Mat am bekanntsten ass déi däitsch Redoute vun Hawthorn Ridge, déi den 1. Juli 1916 no Ënnerminéierung vun de Britte gesprengt gouf.
Den Terme ka fir eng grouss Pallett vu Befestegunge gebraucht ginn, ma generell ënnerscheet een tëscht oppenen an zouene Redouten.
Oppe Redoute
ännerenAls oppe Redoute gëtt all Befestegung, temporär oder permanent, bezeechent déi aus 3 Säite besteet déi dem Géigner zougewand sinn; enger Front an zwou Flanken. Dës hunn als Zweck de Schutz vun der eegener Infanterie. Si kënnen a Feldschluechten aus engem Äerdwall bestoen, oder am Kontext vum Festungsbau aus Mauerwierk sinn. Si ware wéinst hirer einfacher Struktur séier gebaut, ma hiren Nodeel war, datt se dacks relativ grouss doudeg Wénkelen haten, besonnesch bei gemauerte Wierker. Hir Kiel ass op, dowéinst gi si am Festungsbau och nach als Hallefredoute bezeechent.
Zoue Redoute
ännerenAls zoue Redoute bezeechent ee méi stabil Festungswierker virun der Haaptfestungslinn, déi aus engem klengen, zouenen Ënnerstand
bestanen hunn an dee sech Verdeedeger konnte zeréckzéien. An der einfachster Form hu si 4 Säiten an doduerch och grouss doudeg Wénkele vun 30° virun den Ecker. An der Weiderentwécklung si Redoutë polygonal gebaut ginn, mat 5 oder 6 Ecker, déi den doudege Wénkel op 12°, duerno 0° reduzéiert hunn. Redoutë sinn historesch nëmme schwaach Festungswierker déi kee wierklechen Impakt op eng Belagerung konnten hunn. Ma duerch d'Verstäerkung vun enger Redoute mat, zum Beispill, enger Enveloppe oder engem Gruef konnt se zum Fort ausgebaut ginn, woubäi d'Gebai vun der Redoute selwer dann als Réduit ëmbenannt gouf.
[1]
Beispiller vu Redouten
änneren- Fort Rumigny (Festung Lëtzebuerg, als Redoute de la Bombarde gebaut, duerno zum Fort vergréissert)
- D'Redoute bei Aywaille bekannt duerch d'Schluecht vu Sprimont vu 1794, an déi dem Stouss dee bei si eropféiert den Numm Côte de la Redoute vermaach huet.