Feminismus zu Lëtzebuerg

De Feminismus zu Lëtzebuerg huet säin Ufank am fréien 20. Joerhonnert.

D'Marguerite Thomas-Clement war tëscht 1919 an 1931 Deputéiert an domat déi éischt Fra an der Chamber
D'Astrid Lulling gouf eréischt 1965 als zweet Fra insgesamt an als éischt Fra zënter dem Zweete Weltkrich an d'Chamber gewielt
D'Colette Flesch war tëscht 1969 an 1980 déi éischt Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg

Follgend Evenementer zielen zu de wichtegen Etappe vun de feministesche Beweegungen an der Evolutioun vun de Fraerechter zu Lëtzebuerg:

  • 1905 reecht d'Sozialdemokratesch Aarbechterpartei déi éischt Petitioun fir d'Fraestëmmrecht an der Chamber an.
  • 1906 ginn déi éischt lëtzebuergesch Fraeveräiner gegrënnt: de Verein für die Interessen der Frau an de Luxemburger katholischer Frauenbund.
  • 1909 kréien d'Anne Beffort an d'Marie Speyer als éischt Lëtzebuergerinnen en Doktertitel.
  • 1918 gëtt op Initiativ vun der Jeanne Meyer-Heucké, Marguerite Hey-Fink a Marguerite Mongenast-Servais eng Petitioun fir d'Fraewalrecht an der Chamber agereecht.
  • Am Mee 1919 hëlt d'Chamber d'Allgemengt Walrecht un, dat et och de Fraen erlaabt, wielen ze goen.
  • Bei de Chamberwale vum 26. Oktober 1919 stelle sech véier Kandidatinnen op. D'Marguerite Thomas-Clement gëtt als eenzeg Kandidatin gewielt a gëtt domat déi éischt weiblech Deputéiert an der Chamber. Si hält dat Amt bis 1931. Eréischt 1965 gouf mat der Astrid Lulling déi zweet Fra an d'Chamber gewielt.
  • 1924 gëtt de feministesche Veräin Action féminine gegrënnt, deen tëscht 1927 an 1949 d'Zäitschrëft L'Action féminine publizéiert.
  • 1927 grënnt d'Schoulmeeschtesch Henriette Clement-Bessling d'Fraenorganisatioun Le Foyer de la femme, déi sech op sozial a familiär Froe fokusséiert.
  • Bei de Gemengewalen 1928 stellt d'Action féminine zu Esch-Uelzecht eng reng Fraelëscht op, op där d'Catherine Schleimer-Kill gewielt gëtt.
  • Dem sozialisteschen Deputéierte Jean-Pierre Mockel säi Gesetzesvirschlag fir d'Emanzipatioun vun de bestuete Fraen aus dem Joer 1931 kënnt eréischt 1937 zur Ofstëmmung, mee scheitert un der Oppositioun vun der Rietspartei.
  • Op Initiativ vu kommunistesche Frae gëtt 1945 d'Union des femmes luxembourgeoises gegrënnt.
  • 1947 geet aus dem Foyer de la femme de Veräi vun de Femmes socialistes luxembourgeoises ervir.
  • 1953 ginn d'Chrëschtlech-sozial Frae gegrënnt.
  • 1962 gëtt d'Fédération nationale des femmes luxembourgeoises (FNFL) gegrënnt.
  • 1963 schafft d'Commission d'études législatives am Optrag vun der Regierung e Gesetzesentworf iwwer d'Rechter an de Flichte vun der bestueter Koppel aus. De feministeschen Organisatioune geet dee Virschlag net wäit genuch, an op Drock vun de Fraenorganisatioune stellt de Justizminister Eugène Schaus 1969 en neie Gesetzesentworf vir, deen de Gläichheetsprinzip unerkennt. Déi Reform gëtt schlussendlech awer eréischt 1974 vun der Chamber ugeholl.
  • 1967 gëtt d'Madeleine Frieden-Kinnen Staatssekretärin an der Regierung Werner-Cravatte an domat déi éischt Fra an enger lëtzebuergescher Regierung.
  • 1969 gëtt d'Association des femmes libérales gegrënnt.
  • 1969 gëtt d'Colette Flesch déi éischt Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg.
  • 1972 gëtt de Mouvement de libération des femmes gegrënnt, dee sech aktiv fir den uewe genannte Reformprojet (1974) asetzt.
  • 1978 leet d'Regierung Thorn-Berg e Gesetzesprojet iwwer d'Ofdreiwung vir. An deem Kader gëtt den Internationale Fraendag zu Lëtzebuerg zu engem Aktiounsdag ënnert dem Motto "Entkriminaliséierung vun der Ofdreiwung" mat enger Manifestatioun op der Plëss. D'Gesetz gëtt am Oktober 1978 ugeholl.
  • Den Internationale Fraendag 1983 gëtt vun de lëtzebuergesche Fraenorganisatioun gemeinsam gefeiert.
  • 1989 gëtt de Service de la promotion et de la condition féminine am Familljeministère gegrënnt.
  • Den 2. Februar 1989 ratifizéiert Lëtzebuerg d'UN-Konventioun fir d'Eliminéierung vun all Form vun Diskriminatioun géint Fraen, déi et schonn de 17. Juli 1980 ënnerschriwwen hat.[1]
  • 1992 gëtt de Centre d'information et de documentation des femmes Thers Bodé gegrënnt, den haitege CID/Fraen an Gender, e Kompetenzzentrum fir d'Theema Feminismus.
  • 1995 gëtt de Ministère fir d'Promotioun vun der Fra an d'Liewe geruff, mat der Marie-Josée Jacobs als Ministesch.
  • 1996 gëtt an der Chamber d'Kommissioun fir "Chancëgläichheet tëscht Fraen a Männer a vun der Fraefërderung" geschaf. Si existéiert bis 2004 a geet duerno an der Familljekommissioun op.
  • 2004 gëtt de Ministère fir d'Promotioun vun der Fra zum Ministère fir Chancëgläichheet.
  • 2005 ginn an de Ministèrë Genderkompetenzsstellen ageriicht, deenen hir Aufgaben et sinn, d'politesch Aktioun vun de jeeweilege Ministère op hiren Impakt op Männer a Fraen ze ënnersichen.
  • 2006 gëtt de Gläichheetsprinzip tëscht Männer a Fraen explizitt an der Lëtzebuerger Verfassung festgehalen.
  • 2020 gouf um Weltfraendag den éischte Fraestreik zu Lëtzebuerg organiséiert.

Nieft den uewe genannten Aktivistinnen a Politikerinne kann een och nach follgend lëtzebuergesch Pionéierinnen ernimmen:

Quellen änneren

  • D'Informatiounen aus dem Kapitel "Feminismus zu Lëtzebuerg" komme vun der Websäit fraendag.lu (fir d'Period 1911 bis 2018).

Referenzen änneren

  1. Convention sur l'élimination de toutes les formes de discrimination à l'égard des femmes