Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l'Accueil
Deen dacks als Familljeministère genannte Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil (fr: Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l'Accueil, gekierzt MFSVA) ass e Ministère zu Lëtzebuerg, dee mat der Regierung Frieden-Bettel de 17. November 2023 an d'Liewe geruff gouf.
Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Minister | Max Hahn |
Verwaltungssëtz | Hamm |
Gegrënnt | 17. November 2023 |
Um Spaweck | http://mfsva.gouvernement.lu/fr.html |
En ersetzt de fréiere Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun.
Allgemenges änneren
D'Zoustännegkeet vum Ministère huet absënns d'Famill an d'Familljepolitik, d'Politik vun den ale Leit, de Leit mat engem Handicap, d'Bekämpfung vun der Aarmut grad wéi d'Beräicher Solidaritéit, Sozialhëllef a Zesummeliewe begraff.
Kompetenz vum Familljeministère änneren
D'Servicer a Verwaltungen déi ënnert d'Kompetenz vum Familljeministère falen, sinn am interne Reglement vun der Regierung festgehalen[1]. Dozou gehéieren haaptsächlech déi follgend Kompetenzberäicher:
- Familljepolitik a Benevolat: Ausbildung, Mediatioun, Berodung an Ënnerstëtzung vun de Familljen; Kannergeld; Zukunftskeess; Benevolat; Fong fir d'Finanzéierung vun der sozio-familiärern Infrastrukturen; Commission d'harmonisation et la Commission paritaire
- Allgemeng Politik fir:
- eeler Leit
- Leit mat Behënnerungen
- d'Bekämpfung vun der Aarmut an der domat verbonnener Ausgrenzung am Beräich vum Logement
- d'interkulturellt Zesummeliewen
- Office national de l'accueil; Opnamzentere fir Demandeurs d'asile
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l'Accueil – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- De Ministère op gouvernement.lu, der Websäit vun der Regierung
Referenzen an Notten änneren
- ↑ Constitution des Ministères am Arrêté grand-ducal du 27 novembre 2023 portant approbation et publication du règlement interne du Gouvernement.