L'Action féminine

fréier Zeitung zu Lëtzebuerg


L'Action féminine. Monatsschrift für die Interessen der Frau war eng Zäitschrëft, déi zu Lëtzebuerg tëscht 1927 an 1933 eemol am Mount, dono bis 1940 all zwéi Méint, erauskoum. Et war d'Verbandsblat vun der Action féminine a gouf tëscht dem 15. Oktober 1927 an dem 8. Januar 1940 vun der Catherine Schleimer-Kill erausginn.[1]

L'Action féminine
Typ Zeitung
Periodizitéit 2 Mount
Sprooch Däitsch
Éischt Ausgab 15. Oktober 1927
Grënner Catherine Kill
Lescht Ausgab 8. Januar 1940
Land Lëtzebuerg

D'Zäitschrëft hat als Zil, sech fir e Feminismus anzesetzen, dee weeder reaktionär nach utopesch sollt sinn.[2] An den 1930er Joren hunn déi politesch Theemen zu Gonschte vu Rotschléi zu Famill a Stot, ofgeholl. Méi spéit am Joerzéngt sinn och patriotesch Theemen an där iwwer d'groussherzoglech Famill opgegraff ginn. Uganks Januar 1940 huet d'Zeitung ugekënnegt, wéinst dem Krich hir Editioun z'ënnerbriechen.[3] Dat war déi lescht Nummer.

L'action féminine hat eng Oplo vun 2.000 Exemplairen, bei 1.945 Abonnenten.

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Fiche op eluxemburgensia.lu.
  2. "Geleitwort." In: L'action féminine, 1. Jg., nº 1 (15.10.1927), p. 1. [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg.
  3. Hilgert an der Literatur.