Katrin C. Martin

lëtzebuergesch Journalistin an Autorin

D'Katrin C. Martin, gebuer de 26. Juli 1901 zu Péiteng a gestuerwen den 30. Dezember 1983 zu Florenz an Italien, war eng lëtzebuergesch Journalistin an Autorin.

Katrin C. Martin
Gebuer 26. Juli 1901
Péiteng
Gestuerwen 30. Dezember 1983
Florenz
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Journalist
Member vun Société des écrivains luxembourgeois de langue française

Si huet vum Enn vun den 1920er Jore bis 1938 als Journalistin a Südamerika geschafft, virun allem an Argentinien. Nees zu Lëtzebuerg huet si vun 1944 bis 1946 fir d'Tageblatt, dunn als fräischaffend Journalistin, ënner anerem fir Les Cahiers luxembourgeois geschafft. Vun 1948 u war si Chefredaktesch vun der Revue, an zanter 1952 Direktesch vun der Dageszeitung La Meuse. 1955 ass si op Florenz wunne gaangen.

Si huet och ënner dem Pseudonym Kacéem publizéiert, en Numm deen op hiren Initiale KCM baséiert. Si huet hir Bäiträg och mat Dino, D. a KCM ënnerschriwwen.

D'Katrin C. Martin war Member vun der SELF.

Wierk (Auswiel) änneren

  • Martin, Katrin C., 1939. Petite fable pour grands enfants. Les Cahiers luxembourgeois: revue libre des lettres, des sciences et des arts. - Luxembourg. - 16(1939), n° 4/5, p. 425-428
  • Martin, Katrin C., 1948. Bis wo der Pfeffer wächst: Aus dem Notizbuch einer Weltenbummlerin. Alfeld/Leine: Gilde-Verlag Hans Gerhard Dobler. 192 p.
  • Martin, Katrin C., 1948. La petite chanson luxembourgeoise. In: Centenaire et inauguration de nouveau drapeau: 1848 - 1948 / Société Chorale grand-ducale Hollerich. Luxembourg. P. 86-88.
  • Martin, Katrin C., 1954. Collection de portraits luxembourgeois. Luxembourg: Éd. "La Meuse". 227 p. [dessins de Josy Greisen]
  • Martin, Katrin C., 2009. Die wunderbare 17. pp. 76–79 in: Zwischenland! Ausguckland!: literarische Kurzprosa aus Luxemburg. St. Ingbert: Röhrig Universitätsverl.

Literatur änneren

  • Muller, Roger, 2011. Martin, Katrin C. In: Dictionnaire des auteurs luxembourgeois. Online-Versioun. [Stand: 28. September 2011; opgeruff den 13. Mäerz 2012]. (fr)