Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Eng Ofdreiwung (medezinesch: abruptio graviditatis) ass de geplangten, virzäitegen Ofbroch vun enger Schwangerschaft, well déi aus den ënnerschiddlechste Grënn net gewënscht ass oder fir d'Gesondheet vun der Fra net a Gefor ze bréngen. Eng Ofdreiwung ënnerscheet sech vun enger Feelgebuert, medezinesch Abort oder Spontanabort genannt, doduerch, datt eng Feelgebuert natierlech resp. medezinesch Ursaachen huet an net geplangt ass an net duerch en Agrëff provozéiert gëtt.

Ofdreiwung ass e ganz ëmstriddent Theema. Am Konflikt stinn do moralesch, eethesch a reliéis Iwwerzeegungen, gesellschaftlech a juristesch Uspréch, wéi och d'Selbstbestëmmmungrecht vun der Fra an d'Recht op Liewe vum Embryo resp. dem Fötus. Doduerch ergi sech ganz ënnerschiddlech bis widderspréchlech eethesch Urteeler a juristesch Reegelungen.

Ofdreiwung zu Lëtzebuerg änneren

Gesetz zu Lëtzebuerg änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

D'Gesetz vum 12. Dezember 2012 reegelt d'Ofdreiwung zu Lëtzebuerg nei[1].

Virun 2012 huet d'Gesetz vum 15. November 1978 d'Ofdreiwung gereegelt[2],[3]. Bis dunn hat d'Gesetz vun 1879 d'Fro vun der Ofdreiwung gereegelt[4].

Statistik änneren

D'Zuel vun den Ofdreiwungen zu Lëtzebuerg läit bei ronn 1100 am Joer. Am Planning familial ass d'Zuel vun den Ofdreiwunge vun 245 am Joer 2009 op 558 am Joer 2012 eropgaangen. Ronn 10 % vun den Ofdreiwunge si bei Fraen ënner 25 Joer a ronn 1 % bei Mannerjäregen. Vun deenen 1100 Ofdreiwunge ginn der ronn 1000 duerch Curetage oder Aspiratioun gemaach a ronn 100 mat Hëllef vu Medikamenter. Iwwer Ofdreiwungen no der 12. Schwangerschaftswoch gëtt et keng Statistik.[5]

D'Zuel vun den Ofdreiwungen zu Lëtzebuerg schéngt zouzehuelen. De Planning familial huet am Joer 2014 655 medikamentéis Ofdreiwunge begleet. 2013 waren et der 610 an 2008 just 150[6].

Geschicht änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Ofdreiwung – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Loi du 12 décembre 2012 portant modification des articles 351, 353 et 353-1 du Code pénal Archivéiert op 2013-10-07. Gekuckt de(n) 2013-09-11.
  2. Loi du 15 novembre 1978 sur la prévention-réglementation avortement, information sexuelle Archivéiert op 2013-10-08. Gekuckt de(n) 2013-09-11.
  3. Eng Analys vun den Argumenter an der Chamber virum Stëmme zum Gesetz vun 1978 ass: Sonja Kmec: "Le débat sur l'interruption de grossesse (1978): 'Bien-être' de la femme ou crime contre la 'vie naissante' et la nation ?" In: … La volonté de la Chambre qui est la volonté du pays … Un florilège de débats parlementaires luxembourgeois (1848-2008). Sous la direction de Claude Frieseisen, Marie-Paule Jungblut, Michel Pauly. Luxembourg 2019, S.113-131.
  4. Loi du 18 juin 1879, portant révision du Code pénal
  5. Interruptions volontaires de grossesse: Äntwert vum 4.9.2013 op déi parlamentaresch Fro 2763 vum 5. Juni 2013
  6. Planning Familial, Zahl der Abtreibungen nimmt zu