Schlass Fëschbech

(Virugeleet vu(n) Fëschbecher Schlass)

D'Schlass Fëschbech ass e Schlass an der Gemeng Fëschbech.

Schlass Fëschbech
Château de Fischbach 2021-07.jpg
Land Lëtzebuerg
Plaz Fëschbech
Adress 33, Rue Grande-Duchesse Charlotte, 7430 Fëschbech
Koordinaten 49° 44’ 51.54’’ N
      06° 11’ 11.65’’ O
Proprietär groussherzoglech Famill
Gravur vum Frantz Clément an Nicolas Liez (ëm 1834).

Et gehéiert der groussherzoglecher Famill, gëtt awer vum Lëtzebuerger Staat ënnerhalen, wann entweder den Ierfgroussherzog, de Lieutenant-representant oder e fréiere Groussherzog do wunnen[1].

GeschichtÄnneren

D'Herrschaft vu Fëschbech ass mat eng vun deenen eelste vu Lëtzebuerg. Den éischten Här, vun deem et eng urkundlech Quell gëtt, war am Joer 1050 den Udo vu Fëschbech. Bei der Schluecht vu Worringen (1288) hunn d'Häre vu Fëschbech bis op der Doud matgekämpft.

1466 huet d'Angèle vu Fëschbech den Henri vu Boland, Här vu Rollé an Esch-Sauer, bestuet. 1571 ass d'Schlass un de Bernard II. vun Orley, Här vu Lënster a Meesebuerg iwwergaangen. 1628 huet de François de Cassal en Deel vum Schlass opkaaft, seng Nokommen hunn 1674 de Rescht vun der Herrschaft derbäikaaft. Am Drëssegjärege Krich gouf d'Schlass 1635 vu polneschen Zaldoten an der Arméi vum François vu Loutrengen ofgebrannt.

1768 goufen nieft dem Schlass en Héichuewen an eng Schmëdd a Betrib geholl.

1803 huet de Charles Joseph Collart d'Schmelz vu Fëschbech vum Ignace-Antoine de Cassal et Bomal, dem leschten Här vu Fëschbech (1777 bis 1795), kaaft mat all sengen Dependancen, dorënner de Bauerenhaff vu Kéideng an d'Pabeierfabréck an der Fëschbecher Schmelz. Zu den Dependancen huet och d'Fëschbecher Schlass gehéiert. 1812 huet säi Fils Hubert Joseph d'Schlass an d'Schmelz vu Fëschbech geierft, an 1822 deem säi Fils, deen och Charles Joseph Collart geheescht huet. Dësen ass jonk gestuerwen, a sou gouf de Fëschbecher Besëtz no sengem Doud 1836 vum fréiere Schmelzdirekter Auguste Garnier kaaft. De Garnier huet et der SA Belge des hauts-fourneaux iwwerdroen.

1847 huet de Groussherzog Wëllem II. den Domaine opkaaft an eng sëllegen Industrieanlagen nees ofrappe gelooss. 1884 gouf den Adolphe vun Nassau Proprietär.

Am Zweete Weltkrich hunn d'Nazien am Schlass d'Künstlerheim Fischbach ageriicht, an e gudden Deel vun der Ariichtung an de Konschtgéigestänn geplëmmt. Vun 1945 bis zu hirem Doud huet d'Groussherzogin Charlotte am Schlass gewunnt. 1987 ass den Ierfgroussherzog Henri mat senger Famill duer wunne gaangen. Hien huet, wéi e Groussherzog gouf, seng Residenz an d'Schlass Bierg verluecht, wärend seng Elteren hirersäits vun do op d'Fëschbecher Schlass geplënnert sinn.

Dem Grand-Duc Jean seng Fra Joséphine-Charlotte ass do gestuerwen.

Nom Doud vun der Joséphine-Charlotte 2005 an dem Grand-Duc Jean 2019, wunnen den Ierfgroussherzog Guillaume an d'Ierfgroussherzogin Stéphanie mat hirem Bouf Charel zu Fëschbech am Schlass[1].

QuellÄnneren

Referenzen an NottenÄnneren

  1. 1,0 1,1 (fr)Les résidences | Cour grand-ducale. www.monarchie.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-10.