Hubert Joseph Collart
lëtzebuergesche Schmelzenhär
Den Hubert Joseph Collart, gebuer den 18. November 1773, a gestuerwen den 8. Oktober 1822, war Proprietär a Schmelzhär zu Fëschbech. Hien hat d'Fëschbecher Schmelz an d'Fëschbecher Schlass vu sengem Papp dem Charles Joseph Collart geierft.
Hubert Joseph Collart | |
---|---|
Gebuer | 18. November 1773 |
Gestuerwen | 8. Oktober 1822 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Den Hubert Collart huet d'Fëschbecher Schmelz ausgebaut an 1813 en neien Héichuewe baue gelooss. Hie war och politesch aktiv, sou z. B. als Buergermeeschter vu Fëschbech.
Hien huet de 24. Juli 1790 d'Gisberta Maria Rosalia Baronesse vu Blochhausen vum Bitburger Schlass bestuet. Den 13. August 1801 ass hiert eenzegt Kand, de Charles Joseph Collart zu Dummeldeng um Schlass op d'Welt komm.