Ignace-Antoine de Cassal

Den Ignace-Antoine de Cassal Barong vu Cassal a vu Bomal war e Barong deen zu Lëtzebuerg gelieft an als Affekot geschafft huet.

Hie war mat der Marie-Elisabeth de Mathieu bestuet.

1784 huet hien d'Fëschbecher Schlass mat senge Lännereien, dorënner enger Schmelz, geierft. 1803 gouf d'Schlass verkaaft, warscheinlech nodeems e gestuerwe war an den neie Proprietär war de Charles Collart an dunn 1936 den Industriellen Auguste Garnier. No deem senger Faillite[1] koum et dunn 1850 an de Besëtz vum Wëllem III.

Den de Cassal hat och eng Rëtsch Biens nationaux opkaaft, dorënner 1798 d'Schlass Meesebuerg, dat virdrun der Famill de Custine de Wiltz gehéiert huet. Den 30. Januar 1843 hu seng Kanner et dem Jean-François Reuter de Heddesdorf vum Weiderterhaff verkaaft deen et dem Herzog vun Aremberg spéider weiderverkaaft huet.

Den Nicolas de Cassal war säi Jong, a leschte Member vun der Famill de Cassal.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Journal du palais: Recueil le plus complet de la jurisprudence belge, Volume 3 Säi 224