Eng Schmëdd ass den Atelier vum Schmadd, an deem Metaller déi sech verforme loossen, duerch Kal- oder Waarmschmidden an der Form an an der Struktur kënne verännert ginn.

Schmëdd um Schantje vum Buergbauprojet Guédelon

Wichtegst Arrichtungsdeeler waren d'Feierplaz fir d'Metall gliddeg an doduerch verformbar ze maachen, an den Amboss fir et do mat engem Hummer a Form ze klappen.

Transportabel Schmëdd änneren

Wéi nom Zweete Weltkrich d'Päerd als Aarbechtsdéier lues a lues verschwonn ass, war et och mat de Schmëtte gréisstendeels eriwwer. D'Opkomme vum Reit- a Fuersport an de spéide sechzeger Joren huet ëmmer méi no der Mobilitéit vun den Houfschmatte verlaangt, besonnesch well op Turnéieren ëmmer méi no der Presenz vun engem Schmadd gefrot gouf, awer och well et an de Reitschoule selwer meeschtens keng Schmëdd gouf. Den Ënnerscheed zur normaler Schmëdd besteet doran, datt den Amboss liicht genuch ass fir vun enger Persoun transportéiert kënnen ze ginn, an d'Feierplaz ass kee grousse Kuelenuewe méi, mä nach just e klenge Schamottuewen, dee mat Gas befeiert gëtt.

Awer och béi den Arméie gouf et fréier schonn transportabel Schmëtten. Am Arméismusée vu Paräis kann een zwee gutt erhale Modeller vu Feldschmëtten, déi vum Gribeauval entwéckelt goufe, gesinn.

Um Spaweck änneren

Commons: Schmëtten – Biller, Videoen oder Audiodateien