Joséphine-Charlotte vun der Belsch

belsch Prinzessin
(Virugeleet vu(n) Joséphine-Charlotte)

D'Joséphine-Charlotte, Ingeborg, Elisabeth, Marie-Josée, Marguerite, Astrid, gebuer den 11. Oktober 1927 zu Bréissel als Prinzessin vun der Belsch, a gestuerwen den 10. Januar 2005 op Schlass Fëschbech war, als d'Fra vum Grand-Duc Jean, Groussherzogin vu Lëtzebuerg.

Joséphine-Charlotte
Titelen
Groussherzogin vu Lëtzebuerg
Zäit Vun 1964 bis 2000
Biographie
Gebuer 11. Oktober 1927
Gestuerwen 10. Januar 2005
Schlass Fëschbech
Bestuet mat Jean vu Lëtzebuerg
Papp Leopold III. vun der Belsch
Mamm Astrid vu Schweden
Geschwëster Baudouin vun der Belsch, Albert II. vun der Belsch
Kanner Marie-Astrid vu Lëtzebuerg, Henri vu Lëtzebuerg, Jean vu Lëtzebuerg, Margaretha vu Lëtzebuerg, Guillaume vu Lëtzebuerg

D'Prinzessin Joséphine-Charlotte war déi eelst Duechter vum spéidere Kinnek Leopold III. a senger Fra, der Prinzessin Astrid vu Schweden. Hir Kandheet huet se ufanks zu Stuyvenberg verbruecht, 1944 gouf se mat hirem Papp an Däitschland ënner Hausarrest gestallt a goung nom Krich mat hirer Famill op Prégny bei Genf wunnen, wou d'Joséphine-Charlotte Kannerpsychologie studéiert huet.

Den 9. Abrëll 1953 huet si den Ierfgroussherzog Jean vu Lëtzebuerg bestuet. Aus dësem Bestietnes gounge 5 Kanner ervir:

Den 12. November 1964 ass de Prënz Jean senger Mamm Charlotte op de Lëtzebuerger Troun gefollegt, d'Joséphine-Charlotte gouf Groussherzogin.

Vun 1964 un ass d'Joséphine-Charlotte Presidentin vum Lëtzebuerger Lëtzebuerger Roude Kräiz gewiescht an huet eng sëllegen aner Wueltätegkeetsorganisatioune patronéiert. Si war staark u moderner Konscht intresséiert.

D'Philharmonie um Kierchbierg an eng Metrosstatioun zu Bréissel sinn no hir benannt.

Um Spaweck änneren

Commons: Joséphine-Charlotte vun der Belsch – Biller, Videoen oder Audiodateien