Perle Mesta

US-amerikanesch Diplomatin

D'Perle Mesta, gebuer den 12. Oktober 1889 als Pearl Reid Skirvin zu Sturgis, Michigan, a gestuerwen de 16. Mäerz 1975 zu Oklahoma City, Oklahoma, war eng amerikanesch Millionärin an Diplomatin, déi vun 1949 bis 1953 d'Ambassadrice vun de Vereenegte Staate vun Amerika zu Lëtzebuerg war.

Perle Mesta
Gebuer 12. Oktober 1889
Gestuerwen 16. Mäerz 1975
Oklahoma City
Nationalitéit USA
Aktivitéit Diplomat, Promi
Partei Republikanesch Partei, Demokratesch Partei

Hir Karriär änneren

Si war d'Duechter vun engem räichen Uelegmagnat aus dem Oklahoma, dem William Balser Skirvin, deen och de Grënner vun de Skirvin Hotelle war. Si huet sech 1916 mat engem Ingenieur a Schmelzhär, dem George Mesta, bestuet. Wéi hire Mann 1925 gestuerwen ass, ass hir, als eenzeg Ierwin, e Verméige vun 78 Milliounen $ an de Schouss gefall.

1940 huet si sech zu Washington néiergelooss a kuerz duerno hire Virnumm a Perle ëmgeännert, e Virnumm deen dacks, wéi dat och iertemlecherweis zu Lëtzebuerg geschitt ass, als Pearl geschriwwe gouf. Schonn ier se zu Washington D.C. gewunnt huet, ass si duerch hir Kontakter mat den amerikanesche Politiker, a besonnesch duerch hir grandios Partien an Empfäng ëmmer méi an de Mëttelpunkt getratt an huet grousse politeschen Afloss kritt. Am Ufank stoung si de Republikaner méi no, mä ass schonn 1940 ëmgeschwongen an huet 1948 dem Demokrat Harry Truman seng Presidentschaftscampagne generéis matfinanzéiert. Als Merci huet den Truman, wéi e President gouf, si dunn op Lëtzebuerg als Ambassadrice geschéckt, als éischt Ambassadrice zu Lëtzebuerg nom Zweete Weltkrich, well bis 1949 war déi amerikanesch Ambassade zu Bréissel och fir Lëtzebuerg zoustänneg.

D'Perle Mesta war och déi éischt amerikanesch Fra, déi sou en héijen diplomatesche Poste bekleet huet.

Call Me Madam änneren

Zu Lëtzebuerg ass d'Perle Mesta duerch hiren eegewëllege perséinleche Stil opgefall, a besonnesch duerch hir grouss Empfäng an de Kontakt dee si mat der ganzer Populatioun gesicht an och fonnt huet. Hir Empfäng vun alle Buergermeeschtere vu Lëtzebuerg an hir generéis Bescheerungen u lëtzebuergesch Kanner fir Niklosdag hu groussen Androck hannerlooss.

De Stil an d'Optriede vun der Perle Mesta als Ambassadrice zu Lëtzebuerg huet de Komponist Irving Berlin dozou bruecht, fir de Musical Call Me Madam ze schreiwen. Méi spéit gouf e vum Walter Lang ënner dem nämmlechten Titel verfilmt. Am däitsche Sproochraum gouf dëse Film als Madame macht Geschichte(n) kommerzialiséiert.

Literatur änneren

  • Perle Skirvin Mesta: My Story. McGraw-Hill, New York 1960.
  • Paul Lesch: Playing Her Part: Perle Mesta in Luxembourg. American Chamber of Commerce in Luxemburg, Luxemburg 2001.
  • Paul Lesch: Call Her Madam. Samsa 1997. (Dokumentarfilm)

No hir genannt änneren

D'Stad Lëtzebuerg huet am Joer 2023 op der Izeger Knupp – an engem neien Deel vu Bouneweg – eng vu sechs Stroossen déi den Numm vun enger Fra kruten, no hir genannt[1].

Referenzen änneren

  1. (fr)Bottemer, Benjamin, City Octobre 2023. City 2023. vdl.lu (27.09.2023). Gekuckt de(n) 28.09.2023.